DP-International

Net-Lëtzebuerger an der Politik: d’Beispill vun der Bartrenger Buergermeeschtesch

Den 11. Oktober huet sech d’Buergermeeschtesch vu Bartreng, d’Monique Smit-Thijs, Zäit geholl fir mat de Membere vun der DP International iwwert e puer aktuell Themen op enger Konferenz ze schwätzen. D’Wichtegkeet vun der Bedeelegung vun de Bierger, Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger, war hei e zentraalt Thema an de Konversatiounen.

Déi politesch Participatioun vun eisen net-Lëtzebuergesche Matbierger

Den Haaptthema vun eiser Versammlung war déi perséinlech Erfarung vun der Buergermeeschtesch als Net-Lëtzebuergerin an der Gemengepolitik, well si bis viru kuerzem keng Lëtzebuerger Nationalitéit hat. Hir exemplaresch Integratioun an d’Liewen an d’Politik vun hirer Gemeng weist, datt eng erfollegräich politesch Karriär zu Lëtzebuerg och fir eis auslännesch Matbierger méiglech ass.

An deem Kontext gouf iwwert d’Wichtegkeet an dat grouss Potential vum neie Walgesetz diskutéiert, wat et eisen net-Lëtzebuergesche Matbierger nach méi einfach mécht, bei de Gemengewalen deelzehuelen.

Als Resultat vun dëser Ännerung gouf d’Residenzklausel vu fënnef Joer ofgeschaaft an den Delai fir d’Aschreiwung op d’Wallëschte verlängert.

Iwwer d’Buergermeeschtesch

  • D’Monique Smit-Thijs gouf an Holland gebuer, koum 1984 op Lëtzebuerg a wunnt zanter 1986 zu Bartreng
  • 2005 ass si eng éischte Kéier op der DP-Lëscht vun hirer Gemeng matgaangen
  • Véier Joer méi spéit gouf si Member vum Gemengerot, zënter 2011 ass si direkt an de Gemengerot gewielt ginn an 2017 gouf si Schäffin
  • Am Mäerz 2022 huet d’Monique de Buergermeeschterposte iwwerholl

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp