DP-International

Den 10. Januar hunn sech d’Membere vun eiser Partei getraff fir an enger entspaanter a geselleger Ambiance de Startsignal fir 2024 ze ginn. D’DP International dierft natierlech net feelen!

Den Neijoerschpatt war virun allem gepräägt vu staarke Riede vun eise Parteivertrieder, déi an enger Ried vun eisem Europadeputéierte Charles Goerens, deen iwwert d’Wichtegkeet vun den Europawalen den 9. Juni geschwat huet, zum Héichpunkt koum.

Déi héichmotivéiert Reaktioune vun eise Memberen hu gewisen, datt mir prett si fir 2024 an datt mir fir eis gemeinsam Wäerter an der Europäescher Unioun asetze wëllen a wäerten!

Et kann een also gespannt sinn… 💙🇪🇺

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp