DP-International

PiiLux-Konferenz: politesch Bedeelegung vun Net-Lëtzebuerger

Den 29. Juni 2023 huet d’PiiLux Asbl (“Plateforme Immigration et Integration Luxembourg”) invitéiert fir un enger Table ronde mat Vertrieder vun den internationale Sektioune vun de Lëtzebuerger Parteie mat parlamentarescher Representatioun deelzehuelen. D’DP International war duerch eise Coordinateur Luís Oliveira vertrueden.

Theme wéi déi parteiintern Vertriedung vun net-Lëtzebuerger, hir politesch Bedeelegung un de Gemengewalen 2023, esouwuel als Wieler ewéi och als Kandidaten, a awer och Virschléi fir dës Participatioun weider ze stäerke goufen diskutéiert. Donieft stoung och den neie Gesetzprojet iwwert d’interkulturellt Zesummeliewen un der Dagesuerdnung, grad wéi d’europäesch Migratiounspolitik an hiren Afloss.

Mir waren immens frou iwwer dës gutt besicht Konferenz, déi beweist, datt de Besoin fir eng ëffentlech Debatt iwwer dës Themen existéiert a weidergefouert muss ginn.

Mir soen dem PiiLux Merci fir d’Invitatioun a freeën eis op d’Fortsetzung vun enger flotter Zesummenaarbecht!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp