Message vum scheedende President

LĂ©if Memberen a Sympathisante vun DP International,

An de leschte sechs Joer hat ech dĂ©i grouss Freed an Éier d’DP International matzegestalten – fĂ«nnef Joer als Koordinator an elo iwwer ee Joer als President.

An dëser Zäit hunn ech vill flott Erfarunge gemaach duerch déi ech politesch a perséinlech vill geléiert hunn. Virun allem sinn hunn ech ville bemierkenswäerte Leit begéint, déi meng Iwwerzeegung gestäerkt hunn, datt d’Net-Lëtzebuerger der Lëtzebuerger Politik vill ze bidden hunn.

No sechs Joer an deenen ech eise Grupp an eise Causen mĂ©i VisibilitĂ©it bannent der Partei ginn hunn, hunn ech decidĂ©iert enger neier Equipe d’MĂ©iglechkeet ze ginn d’Aarbecht weiderzefĂ©ieren an ze garantĂ©ieren, datt eise Grupp mat neien Iddien an Inspiratioune weider wuesse kann.

Ech si menge Kolleegen aus dem Comité vun der DP International an der Parteileedung immens dankbar, datt si meng Propos akzeptéiert hunn, de Christos Floros als mäin Nofollger ze bestätegen.

Mat him, dem besteeĂ«nde ComitĂ©, neie ComitĂ©smember an ärer Ă‹nnerstĂ«tzung, wäert eise Grupp sech weiderhin dynamesch entwĂ©ckelen a sech op d’Erausfuerderunge vun den nächste Jore virbereede kĂ«nnen.

Ech soen Iech alleguerte VILLMOOLS MERCI fir är onermiddlech Ënnerstëtzung a Participatioun an de leschte Joren an hoffen, datt déi nei Equipe och dorop ziele kann!

Ech freeë mech op déi zukünfteg Erfolleger vun der DP International ze verfollegen an iech bei sëllegen Eventer erëm ze begéinen!

Bis ganz geschwënn! 💙

Liberal Gréiss

LuĂ­s DurĂŁes Oliveira,

Scheedende President vun der DP International.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp