DP-International

Konferenz mam Carole Hartmann, DP-Generalsekretärin a Deputéiert

Den 13. Mäerz hat den DP International déi grouss Freed, eng Konferenz mat der DP-Generalsekretärin an Deputéiert Carole Hartmann ze organiséieren. Déi zentral Theme vun dëser Versammlung waren d’Gemengewale vum 11. Juni an d’politesch Bedeelegung vun eisen net-lëtzebuergesche Matbierger.

Nei Konditioune fir eis net-lëtzebuergesch Bierger

2022 gouf d’Walgesetz esou geännert, datt Bierger, déi keng lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, net méi 5 Joer an hirer Gemeng musse wunnen fir wielen ze dierfen. Zousätzlech gouf den Delai fir d’Aschreiwung op 55 Deeg virum Waldag verlängert. Net-Lëtzebuerger mussen sech awer nach umellen, wa si fir d’éischte Kéier bei Gemengewale wëlle wielen.

Fir 2023 ass dësen Termin den 17. Abrëll um 17.00 Auer. Bis dohinner mussen déi betraffe Bierger sech an hirer Gemeng oder online op MyGuichet.lu umellen.

Méi Infoen heizou (op 🇬🇧🇫🇷🇩🇪🇵🇹🇱🇺):

DP-Slogan fir dës Walen: #NoBeiDir

Och wärend der COVID-19-Pandemie an trotz sanitäre Moossnamen goufen d’Solidaritéit an den Zesummenhalt an der Gesellschaft an dëser schwiereger Zäit erhale a verstäerkt. Vill Bierger ware, och wann dacks net, ganz no bei hiren Noperen an anere Matbierger zum Beispill andeems se fir si akafen gaange sinn, wann ee dat krankheets- oder altersbedéngt net selwer maache konnt.

Vill Bierger ware, och wann dacks net physesch, hiren Noperen an anere Matbierger ganz no, zum Beispill andeems se fir si akafe gaange sinn, wann si dat selwer krankheets- oder altersbedéngt net maache konnten.

Op dës Eenheet wëlle mir elo wetten an zesumme mat eise Bierger, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, zesumme Gemengen ze schafen, déi de Bierger besser nolauschteren an op hir Suergen aginn, no bei hinnen, no bei dir.

An eisem Kaderprogramm fir d’Gemengewalen 2023 fannt Dir schonn éischt Abléck an eis Iddien:

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp