DP-International

Festival des Migrations 2024

Wéi all Joer war d’DP International de ganze Weekend vum 24. a 25. Februar um “Festival des Migrations, Cultures & Citoyenneté” gutt vertrueden.

Do konnte mir eise Matbierger eis Wäerter a politesch Positioune presentéieren an exzellent Gespréicher mat Leit aus der ganzer Welt a ville Sproochen hunn, déi och op eisem Stand vertruede waren.

Dat war déi ideal Geleeënheet fir déi friddlech Diversitéit vun eisem Land, déi Lëtzebuerg esou eenzegaarteg an erfollegräich mécht, nees ze feieren.

Um Festival hate mer dann awer och d’Geleeënheet drop opmierksam ze maachen, datt Net-Lëtzebuerger EU-Bierger d’Méiglechkeet hunn den 9. Juni fir déi 6 Lëtzebuerger Europadeputéiert ze wielen.

Fir dëst ze maachen, mussen se sech bis de 15. Abrëll um 17.00 Auer op MyGuichet.lu oder op hirer Gemeng dofir aschreiwen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp