DP-International

E Joer am Amt: Konferenz mam Yuriko Backes, Finanzministesch

Mir haten déi grouss Freed den 30. Januar eng gutt besicht Konferenz mat der Finanzministesch Yuriko Backes ze organiséieren. Et war e ganz dynameschen an oppenen Austausch vu Froen a Positiounen tëscht der Ministesch a Memberen a Sympathisante vum DP International zu e puer Themen, déi am éischte Joer vun der Madamm Backes als Regierungsmember vu grousser Wichtegkeet waren a sinn.

E Joer voller Erausfuerderungen

De 5. Januar 2022 huet d’Yuriko Backes als éischt Fra an der Lëtzebuerger Geschicht de Poste vun der Finanzministesch iwwerholl an domadder de Pierre Gramegna ersat, deen de Posten zënter 2013 besat hat.

D’Ministesch huet eng Situatioun iwwerholl, an där d’Konsequenze vun der COVID-19-Pandemie nach ze spiere waren.

Wéi d’russesch Federatioun d’Ukrain de 24. Februar 2022 iwwerfalen huet, koumen nei Problemer op. Nieft dem onmënschleche Leed vun der ukrainescher Bevëlkerung an aussepolitesche Sécherheetsbedenken, besonnesch fir den europäesche Kontinent, huet dëse Krich och eng Rei wirtschaftlech Problemer mat sech bruecht. Dës Konsequenze ware séier och am Liewe vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ze spieren, där hir Kafkraaft duerch d’Inflatioun an d’Steigerung vun de Präisser vun Energie an aner Produiten erofgaang ass.

Eng responsabel Politik déi Äntwerte liwwert

Fir deem entgéintzewierken, war déi onermiddlech Aarbecht vun der Finanzministesch Backes an der ganzer Regierung, ënnert der Leedung vum Premier Xavier Bettel, vu grousser Wichtegkeet, well si duerch Verhandlunge mat de Sozialpartner Mesuren treffen konnten, fir dësen Impakt ze reduzéieren.

Weider Informatioune fannt Dir op der DP-Websäit:

Aner Theme vum Owend waren och nach de Staatsbudget fir 2023, deen nees vu groussen Investitiounen a sozial, nohalteg a zukunftsorientéierte Mesure gepräägt ass, souwéi och déi kierzlech annoncéiert Steiererliichterunge – e Thema iwwer dat an den nächste Woche méi Informatioune komme wäerten.

Mir soen dem Yuriko Merci fir den oppenen Austausch an dee ganz flotten Owend! 💙

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp