DP-International

Déi lescht Versammlung vun 2023

Um Enn vun engem erfollegräiche Joer – gepräägt vun de Gemengen- a Chamberwalen – huet d’DP International sech fir eng lescht Versammlung getraff fir op 2023 zeréckzeblécken.

Dëst war déi ideal Geleeënheet fir iwwer déi vill Konferenzen, Workshops, Visitten, Table-rondë a Kongresser ze reflektéieren.

D’Enn vum Joer war awer virun allem och eng gutt Geleeënheet fir op dat nächst Joer ze kucken, dat duerch d’Europawalen den 9. Juni gepräägt wäert sinn an an deem d’DP International nees vill Aarbecht virun sech wäert hunn, op déi mir eis elo scho mat grousser Motivatioun freeën.

No der Versammlung hunn e puer Memberen zesummen ee vun de Chrëschtmäert an der Stad besicht, ewéi et bei eis schonn Traditioun ass

Mir freeën eis elo schonn op 2024 a wënsche jidderengem schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer! 💙 

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp