De Christos Floros gouf zum neie President vun der DP International, dem Internationale Fligel vun der Demokratescher Partei gewielt.
De Christos Floros gëtt domadder zum Nofollger vum Luís Oliveira, dee fräiwëlleg zréckgetrueden ass fir dem internationale Fligel vun der Partei eng frësch Visioun an dynamesch Leedung z’erméiglechen. Den neie President iwwerhëlt seng Aufgabe vun November un.
Hie wäert d’Efforte fir d’Erhéijung vun der internationaler Memberschaft vun der Partei weiderféieren an d’Fërderung vun inklusiven Debatten asetzen, déi déi villfälteg Lëtzebuerger Bevëlkerung reflektéiere sollen.
De Christos Floros, Architekt vu Beruff, schafft am Lëtzebuerger Technologiesecteur am Marketing an an der Kommunikatioun, a bréngt vill Erfarung an Engagement a seng nei Funktioun mat. Säin Engagement fir politesch Inclusioun huet sech dorop konzentréiert, d’Stëmm vun allen Awunner zu Lëtzebuerg auszebauen, och auslännesch Awunner an nei naturaliséierte Bierger, andeems hie politesch Participatioun encouragéiert. Hien huet sech ënner anerem schonn am Juni 2024 als Kandidat fir d’Demokratesch Partei am Europäesche Parlament opgestallt, duerch deen hien säin Zill d’Bedeelegung an der Lëtzebuerger politescher Landschaft weider ze fërderen, weiderentwéckelt huet.
An dëser Féierungsroll iwwerhëlt de Floros d’Aarbecht vun der DP International weiderzeféieren, fir datt all Awunner, onofhängeg vum eegenen Hannergrond, sech motivéiert fillen sech an hire lokale Communautéiten ze engagéieren a fir datt d’Partei och weiderhi fir déi divers Bevëlkerung vu Lëtzebuerg representativ bleift.
“Et ass mir eng immens grouss Freet dës Verantwortung ze iwwerhuelen an d’DP International ze féieren. Zesumme wäerte mir dofir suergen, datt Lëtzebuerg en inklusiivt, an d’Zukunft geriicht Land bleift, wou jidderee sech doheem fillt a motivéiert ass d’Land matzegestalten. Ech soen dem Luis Merci fir säin Engagement an deene leschte 5 Joer fir dësen onheemlech wichtege Grupp vun eiser grousser, inklusiven, demokratescher Partei a fir d’Vertrauen, déi d’Partei mir ginn huet, fir dës Aarbecht weiderzeféieren. Meng éischt Aufgab wäert et sinn eng flott Ekipp ronderëm mech ze opzebauen, fir dës Missioun ze erreechen. ”
– Christos Floros, neie President vun der DP International.
“Ech si menge Kolleegen aus dem Comité vun der DP International an der Parteileedung immens dankbar, datt si meng Propos akzeptéiert hunn, de Christos Floros als mäin Nofollger ze bestätegen.
Mat him, dem besteeënde Comité, neie Comitésmember an ärer Ënnerstëtzung, wäert eise Grupp sech weiderhin dynamesch entwéckelen a sech op d’Erausfuerderunge vun den nächste Jore virbereede kënnen. ”– Luís Oliveira, scheedende President vun der DP International.
Zukünftegt Pläng
Ënnert der Leedung vum Christos Floros wäert d’DP International sech drop konzentréieren, allen Awunner weider aktiv mat der Partei a Verbindung ze setzen, sou datt eis lokal Sektiounen déi richteg Diversitéit vu Lëtzebuerg reflektéieren. Duerch d’Fokusséieren op d’Inklusioun an d’Participatioun wäert d’DP International hir Missioun weiderféieren, Lëtzebuerg zu enger Plaz ze maachen, wou jidderee eppes bäidroen a sech vertruede fille kann.
Kontaktinformatiounen
Interesséiert Persounen a Medievertrieder kënne sech mat der DP International iwwer den offiziellen Internetsite vun der Demokratescher Partei: dp.lu an/oder per E-Mail: international@dp.lu a Kontakt trieden. Wéinst engem scho viru Méint geplangte Programm un deem den Här Floros deelhëlt, wäert hien eréischt nom 4. November fir Interviewen disponibel sinn.
DP International
D’DP International ass den internationale Flillek vun der Lëtzebuerger Demokratescher Partei. Si erméiglecht hire Memberen, auslännesch an nei naturaliséierten Awunner a Lëtzebuerger Bierger, u politeschen Diskussiounen deelzehuelen, an engem multikulturellen a méisproochegen Ëmfeld. De Grupp engagéiert sech dofir, datt all Awunner eng Stëmm huet an der Gestaltung vun der Zukunft vun eisem Land. D’Memberschaft bei eis ass duerch eng Memberschaft bei der DP – Demokratesch Partei méiglech, esoudatt all d’Parteimemberen un eisen Aktivitéiten deelhuele kënnen.