Mir haten déi grouss Freed den 30. Januar eng gutt besicht Konferenz mat der Finanzministesch Yuriko Backes ze organiséieren. Et war e ganz dynameschen an oppenen Austausch vu Froen a Positiounen tëscht der Ministesch a Memberen a Sympathisante vum DP International zu e puer Themen, déi am éischte Joer vun der Madamm Backes als Regierungsmember vu grousser Wichtegkeet waren a sinn.