No engem éischten Afterwork zu Dikrech huet d’DP Norden Ufank Oktober op hiren zweeten Afterwork an d’Brasserie Koeppe Jemp invitéiert. Vill Memberen hunn dovunner profitéiert, fir sech erëmzegesinn a fir e puer flott Stonne matenaner, a mat de Mandatairen aus dem Norden, ze verbréngen.
Eng Manifestatioun, déi wäert e feste Bestanddeel vum Aktivitéitskalenner vun der DP Norde ginn.





