D’DP huet de 15. Juni den éischten digitale Parteikongress zu Lëtzebuerg ofgehalen.
#INNOVATIV
Permanent iwwer 600 Memberen hunn iwwer „Zoom“ an iwwer eis Live-Streams op Facebook, Youtube an dp.lu um Kongress deelgeholl.
#INTERAKTIV
76 Froe goufe wärend dem Live Q&A un d’DP-Ministere gestallt, 12 Memberen hu live geschwat.
#DEMOKRATESCH
131 Kandidate sinn ugetrueden an et hunn duebel esou vill Memberen hir Stëmm ofginn, wéi um Kongress dat Joer virdrun.
De 15. Juni um 9 Auer owes huet d’DP Geschicht geschriwwen. Mir hunn als éischt Partei zu Lëtzebuerg en digitale Kongress erfollegräich organiséiert. Den Nationalkongress ass all Joer de wichtegste Rendezvous vun eiser Partei. Mir erënneren eis gären un d’Biller vun engem struppevollen Tramsschapp. An dat seet eis och schonn, firwat e klassesche Kongress wärend der COVID-19-Pandemie net méiglech war.
„Fir d’DP ass et elo eng Prioritéit, FIR an d’Mënschen an an d’Betriber z’investéieren.”
CORINNE CAHEN
Nieft dem digitalen a participativen Aspekt waren et natierlech virun allem déi politesch Rieden, déi eisen Nationalkongress marquéiert hunn. D’Parteipresidentin Corinne Cahen huet an hirer Ried e staarke Plädoyer fir déi lokal Betriber a fir d’Produktiounskette gemaach, déi grad elo Hëllef bräichten. D’DP wäert deemno och an Zukunft d’Investitiounen héichhalen, Vertraue schafen an an d’Mënschen an an eis Betriber investéieren.
„Et ass wichteg, FIR eis Fräiheeten ze stäerken an dofir ze kämpfen, dass eis Demokratie – esou wéi mir se schätzen – och staark bleift.”
XAVIER BETTEL
Dat gesäit och de Premier Xavier Bettel esou, deen a senger Ried op de mënschlechen Aspekt vun der sanitärer Kris agaangen ass. D’Land hätt de Wäert vum soziale Kontakt virun Ae gefouert kritt a gespuert, wéi et sech ufillt, wann eis Fräiheeten a Gefor sinn.
D’DP léisst et sech natierlech net huelen, de Kongress am richtege Liewen nozehuelen, esoubal déi sanitär Situatioun dat erlaabt – dann och mat engem gudde Patt an interessante Gespréicher. Mir freeën eis, fir Iech alleguerten erëmzegesinn!