Carole Hartmann

Deene Schwächsten ënner d’Äerm gräifen

D’Corona-Pandemie mat hire méi oder manner strenge Lockdownen, huet eis Wirtschaft ausgebremst an erschwéiert d’Reprise vun hiren Aktivitéiten. D’Regierung huet dofir eng ganz Rei finanziell Aiden a Mesuren decidéiert, fir der wirtschaftlecher Onsécherheet entgéint ze wierken a fir Aarbechtsplazen ofzesécheren.

Esou huet de Staat eleng vu Mäerz 2020 bis Februar 2021 eng 935 Milliounen Euro fir de Chômage partiel ausginn. Donieft sinn am Kader vun Neistart Lëtzebuerg vill Direkthëllefen un d’Betriber ausbezuelt ginn. D’Allocation de vie chère ass verduebelt an de Congé pour soutien familial ass agefouert ginn – fir just déi Beispiller ze nennen.

Och d’Erhéijung vum Mindestloun ëm 2,8% gräift deene Schwächsten an eiser Gesellschaft ënnert d’Äerm. Déi Hausse gëtt all zwee Joer duerch eng Analyse vun der Lounentwécklung op de Leescht geholl. D’Upassung ass kee formellt Recht, ass bis elo awer all 2 Joer gemaach ginn. Och wärend der Stol- an de Finanzkrisen. Dat soll elo net anescht sinn.

Besonnesch d‘Horesca an de Commerce sollen awer net onnéideg staark duerch d‘Upassung vum Mindestloun belaascht ginn. Dofir ass eng Prime unique vu 500 Euro pro Salarié als Ausgläich agefouert ginn. Dat war der DP besonnesch wichteg, fir d’Betriber an der Kris net zousätzlech ze belaaschten.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...