08/09/2020
Parlamentarische Fragen
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Max Hahn
Den Eichenprozessionsspinner verbreet sech ëmmer méi zu Lëtzebuerg, ma wat d'Eliminatioun vun dësen Insekte betrëfft, gëtt an der Reegel op mechanesch Verfaren, wéi Verbrennen an Ofsuckelen, gesat fir se futti ze maachen. Allerdéngs ginn et villverspriechend Experimenter am Ausland mat Schiel- a Blomeesen, natierlech Feinde vum Eichenprozessionsspinner. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat net och eng Piste wier, déi zu Lëtzebuerg agesat kéint ginn.