Déi rezent Ännerungen am Stagegesetz fir d’Staatsbeamte gëllen elo och fir d’Gemengebeamten. De Gesetzprojet ass en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt ginn.
Wéi sollen déi ländlech Géigenden an Zukunft weider opgewäert an entwéckelt ginn? Fir den DP-Deputéierten André Bauler heescht d’Schlësselwuert „Dezentraliséierung“. Ë.a. duerch Télétravail, Coworking Spaces an eng méi staark Usiidlung vu Verwaltungen uechter d‘Land gëtt d’Stad entlaascht, d’Mobilitéit verbessert an d‘Liewensqualitéit verbessert.
Et war ee gudden Dag fir d'Kannerrechter zu Lëtzebuerg. Um Krautmaart gouf en Dënschdeg de Poste vun engem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher gestëmmt.
A senger Tribune Libre ënnersträicht den DP-Deputéierten d’Wichtegkeet vun Esch 2022 fir de ganze Süde vum Land.
Domadder verkneppt den 1. Schäffe vun der Stad Esch awer och de Bléck soss Investissementer an den Entwécklungspol Esch an a seng Nopeschgemengen, déi eng extra Roll am Developpement vu Land spillen.
Den Eugène huet eis verlooss. D’Demokratesch Partei an d‘DP-Fraktioun mat den Deputéierten an de Mataarbechter sinn déif traureg iwwert de Verloscht vun hirem Kolleeg... vun hirem „Chef“.
A senger Tribune Libre um Radio beschäftegt sech eisen Deputéierten André Bauler dës Woch mat den Avantage vun enger méi dezentraler Organisatioun vun der Aarbecht am Land.
„Time for action“, dat war de Motto vun der COP25 zu Madrid. No den zéie Verhandlungen huet de Max Hahn sech an der Aktualitéitsstonn an der Chamber allerdéngs gefrot, wat vun där Ambitioun nach iwwreg bliwwen ass.
An der Lutte géint de Klimawandel hätt d’Regierung en ambitiéise Plang presentéiert, deen effikasse Klimaschutz op eng pragmatesch a sozial gerecht Manéier ëmsetzt, esou de Constat vum DP-Deputéierte Max Hahn, en Donneschdeg an der Chamber.
Zum Ofschloss vum Joer ass um Krautmaart traditionell iwwert de Staatsbudget vum anere Joer diskutéiert ginn. E Budget, an deem de Ressortminister Pierre Gramegna dräi Haaptziler gesäit:de Klimaschutz, d’Liewensqualitéit vun de Bierger an di héich Investissementer an d’Zukunft vum Land.