De kreativen a kulturelle Secteur spillt eng wichteg Roll fir d’ Wirtschaft an den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg. Den André Bauler huet den Aarbechtsminister an der Chamber Detailer iwwert dëse Secteur gefrot.
Dësen Donneschdeg gouf an der Chamber iwwert de Rifkin-Rapport debattéiert. Den Deputéierten André Bauler huet der Demokratescher Partei hir Vue op den zukünftege Wuesstem zu Lëtzebuerg virgestallt an de Gusty Graas ass op d’Repercussioune vun dësem Wuesstem op eis Landwirtschaft agaangen.
Déi sougenannte Kreativwirtschaft ëmfaasst déi Beruffer, bei deenen et drëms geet duerch kreatiivt Denken nei Objeten a Servicer ze produzéieren. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Minister no wéi dës Aktivitéiten hei am Land ënnerstëtzt ginn.
„Mir sollen de Courage hu fir no de Stären ze gräifen, mä nëmme wa mer mat zwee Féiss um Buedem bleiwen“, esou resuméiert den André Bauler de Gesetzprojet iwwert de Spacemining.
Wéini ginn déi geplangte nei Lagere gebaut a wéini ginn déi al zou gemaach ? Dës an aner Froen stellt de Süd-Deputéierte Max Hahn un de zoustännege Minister.
Statt wéi bis elo de Wäi vum Institut Viti-vinicole unzebieden, freet den Ost-Deputéierte Gilles Baum ob et net méi sënnvoll wier de Wäi vun eise Produzente vun der Musel unzebidden? Dat wier eng ideal Promotioun fir eis beschte Cruen!
Wéi vill Zäit verbrénge mir an de Stauen? Wat verbrauche mir doduerjer méi u Sprit? Wat bedeit dat fir eis Entreprisen? Wéi vill CO2 Emissiounen entstinn duerch d’Stauen. Dëst freet den DP-Deputéierten André Bauler de Wirtschaftsminister an enger parlamentarescher Fro.
An der Chamber gouf iwwert d’Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie debattéiert. D’DP-Deputéiert Joëlle Elvinger an André Bauler hunn opgezielt wou Lëtzebuerg momentan gutt do steet a wou een sech nach besser kann opstellen.
A wéi steet et mat der Post vu Clierf? Dëst froen d’Nord-Deputéiert Edy Mertens an André Bauler den zoustännege Minister! Am Abrëll hat de Minsiter dem Edy Mertens op eng parlamentaresch Fro geäntwert et wier net geplangt dës Postbureauen zouzemaachen. Haut stong an der Zeitung se géifen awer elo zougemat ginn. D’DP-Politiker hoffen datt dës Bureauen opbleiwen an datt et sech bei deem Artikel ëm eng Feelinformatioun handelt!