22/08/2018
Parlamentarische Fragen
Verfassung, Institutionen und Demokratie
Claude Lamberty
Eugène Berger
Max Hahn
An der Presse war dëser Deeg ze liesen, datt eng Rëtsch Leit op enger Kandidatelëscht gelant ze sinn, ouni awer hiren Accord dofir ginn ze hunn. Laut den Aussoe vun de betraffene Leit wieren si Affer vun "Manipulatiounen" gewiescht. An hirer urgenter parlamentarescher Ufro froen d'DP-Deputéiert Claude Lamberty, Max Hahn an Eugène Berger no, ob een d'Walgesetz net misst adaptéiere fir den Affer vun esou grave Virfäll, no dem Arrêtéiere vun de Lëschte, nach eng Méiglechkeet ze ginn sech zeréckzezéien.