Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Bildung Mobilität und Verkehr André Bauler

Ännerungen um Busplang: Problemer beim Schoultransport

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass et am Kader vum neie Busplang zu Schwieregkeete beim Schülertransport wäert kommen, speziell wat d'Linn 545 Heischent-Ettelbréck betrëfft. Tatsächlech kéimen nom neie Plang d'Schüler entweder vill ze fréi oder ze spéit an d'Schoul. Den André Bauler huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Tourismus André Bauler

Weider Informatiounen zur neier Nordstad-Jugendherberg

Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare soll och eng nei Jugendherberg gebaut ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministere nogefrot, fir weider Informatiounen dozou ze kréien.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Mobilität und Verkehr André Bauler

Mobil Radaren am Norde vum Land

Iwwer déi lescht Méint stoungen op zwou Strecken am Norde mobil Radaren, dëst tëscht Méchela an Ierpeldeng-Sauer, souwéi tëscht Ettelbréck a Feelen an tëscht Bidscht a Schumannseck. Eisen Deputéierten André Bauler huet dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet e puer Froen zu deene Radare gestallt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic an der Nordstad: Wat ass den Impakt vum Chantier op der Ettelbrécker Gare?

Wéinst den Aarbechten un der Ettelbrécker Gare schéngt et, dass am Moment vill Autoen a Camionen duerch Wunnvéierel an iwwer Schläichweeër an den Nordstad-Gemenge fueren, fir de Chantier z'ëmgoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob schonn eng Analys gemaach goufe wat den Impakt vum Chantier op den Trafic am Detail ass, a wéi eng Mesurë virgesi si fir d'Situatioun ze berouegen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et mam Contournement vun Housen virun?

Aktuell gëtt am Ministère un engem Gesetzesprojet fir de Contournement vun Housen geschafft. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot wou den Dossier drun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wéi steet et ëm d'Ausweisung vun neie Bauschuttdeponien?

De Mangel u Bauschuttdeponien an alle Regioune vum Land gëtt scho méi laang vum Secteur kritiséiert. Effektiv musse vill Camionen dacks e wäite Wee duerch d'Land fir bei eng Deponie fueren, wat onnéidege Verkéier an Emissioune verursaacht. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi et bei der Ausweisung vun neie Bauschuttdeponië viru geet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En neit Parkhaus op der Dikrecher Gare?

Virun enger Zäit war mol riets gaange fir en neien, iwwerdaachte Parking bei der Dikrecher Gare ze bauen. Vu dass effektiv ëmmer méi Leit den Zuch huelen, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim Mobilitéitsminister nogefrot, ob dëse Projet nach ëmmer aktuell ass, a wa jo, wou en drun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Gefor vun engem Accident bei Réckstau um Enn vun der A7: Wéi soll d'Situatioun entschäerft ginn?

Well een um Enn vun der A7 zu Colmer-Bierg net gutt gesäit, wann do e Stau hannert der Kéier ass, besteet de Risiko, dass et zu engem Accident kënnt, besonnesch wann een déi Streck net gutt kennt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, inwéifern virgesinn ass, d'Situatioun ze verbesseren.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Firwat ass d'Streck Maarnech-Dosber-Bréck nach ëmmer gespaart?

Obwuel d'Aarbechten op der N10 tëscht Maarnech an Dosber-Bréck schonn zënter enger längerer Zäit fäerdeg sinn, ass d'Strooss op där Plaz nach ëmmer gespaart. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dat sou ass a fir wéini dës Streck nees opgoe kéint.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Camionstrafic zu Ierpeldeng-Sauer

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass am Moment ganz vill Camionen duerch Ierpeldeng fuere fir an d'Industriezon ZANO ze kommen, amplaz d'B7 respektiv d'N7 ze huelen. D'Belaaschtung duerch dëse villen Trafic fir d'Awunner läit op der Hand. Den André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat dësen dogéint ënnerhuele wëll.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Zoustand vun der N7 zu Maarnech

Well den Zoustand vun der N7 tëscht dem Rond-point zu Maarnech an dem Akafszenter an engem ganz schlechten Zoustand ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, ob et net méiglech wier, dësen Ofschnëtt am beschte virum Wanter nach frësch ze maachen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi ginn d'Aarbechten op der N7 tëscht Dikrech an Ettelbréck virun?

Wéinst der Corona-Kris hu vill Chantiere Verspéidung kritt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et mat den Aarbechten op der N7 tëscht Dikrech an Ettelbréck ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En neien (alen) Zucharrêt zu Beesslek?

Nodeems d'Gare zu Beesslek virun enger Rei Joren zou gemaach gouf, freet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister no, ob et wéinst dem Bevëlkerungswuesstem an der Ëmgéigend net sënnvoll wier, dass den Zuch an Zukunft rëm do stoe bléif.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et viru mat den Aarbechten un de Vëlospisten am Norde vum Land?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Aarbechten u verschiddene Vëlospisten am Norde vum Land opgehale goufen, wärend anerer nach guer net ugefaange gi sinn. Hien huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wat den aktuelle Stand der Dinge an där Hisiicht ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Zoustand vun der Bréck am Agang vu Veianen

Wéi dem DP-Deputéierten André Bauler zu Ouere komm ass, wier den Zoustand vun der Bréck iwwer d'Our an der Entrée vu Veianen an engem zimmlech schlechten Zoustand. Aus deem Grond huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et ëm den Ënnerhalt vun dëser steet.