Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mittelstand Wirtschaft André Bauler

STATEC: Firwat keen Akafsbong fir de lokale Commerce?

Dem DP Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt de Statec géing Persounen, déi un enger Ëmfro deelhuelen, mat Akafsbonge belounen. Dës Kaddosbongen kéint een allerdéngs just um Site vun enger grousser internationaler Onlineplattform aléisen. A senger parlamentarescher Fro un den zoustännege Minister freet den André Bauler ënner anerem, ob een dës Akafsbongen net hätt kënne iwwer déi Lëtzebuerger Onlineplattform "Letzshop.lu" lafe loossen. Dat wier eng Ënnerstëtzung fir eis kleng- a mëttelstännege Betriber gewiescht.

Parlamentarische Fragen Mittelstand Wirtschaft André Bauler

Wéi steet et mat der Diversifikatioun an Dezentraliséierung vun eiser Ekonomie?

Am Regierungsaccord steet, datt weiderhin Efforte wäerte gemaach gi, wat d'Diversifikatioun an d'Dezentraliséierung vun eiser Ekonomie ugeet. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Wirtschaftsminister no, wat bis ewell erreecht gouf.