12/01/2021
Parlamentarische Fragen
Außenpolitik
Gilles Baum
Gusty Graas
D'Flüchtlinge vum Camp Lipa a Bosnien Herzegowina sinn zanter Méint ouni Waasser, Elektresch, Heizung an Zelter. An dëst obwuel alternativ Méiglechkeete fir e wanterfesten Ënnerdaach bestinn. Déi vun hinnen, déi probéieren hire Wee iwwer d'Grenz ze maachen, gi vun der kroatescher Police ënner Uwendung vu Gewalt zeréckgeschéckt. Déi Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu nogefrot wat gemaach gëtt fir dës Mënschen virun der Wanterkeelt ze schützen.