Claude Meisch

De kollektiven Effort huet sech gelount

Minimal Chance fir de Virus, maximal Chance fir d’Bildung”: Dat war vun Ufank un d’Devise vum Bildungsminister Claude Meisch. D’Ëmsetze vum Stufeplang, den Enseignement en alternance – also de Wiessel tëscht Homeschooling a Präsenzunterrecht – an den Asaz vu mobillen Testekippen hunn dozou bäigedroen, fir den Ustiechungsrisiko an de Schoulen däitlech ze reduzéieren.

Méi Normalitéit duerch fräiwëlleg Schnelltester

Den 31. Mee 2021 ass elo de Stéchdatum fir d‘Reprise vum Präsenzunterrecht op deenen ierwegten Klassen. Nieft dem Fortschrëtt vun der Impfcampagne ass et virun allem d‘Aféierung vun de Selbsttester, déi dëse grousse Schratt a Richtung Normalitéit erméiglecht. No der Päischtvakanz kréien all Schüler an Enseignante gratis Selbsttester zur Verfügung gestallt – dat als komplementare Schutz zu de PCR- a Schnelltester. „De Groussasaz vun dësen Tester soll an Zukunft méi Präsenzunterrecht, méi sozial Kontakter a méi Normalitéit erméiglechen”, esou de Minister Claude Meisch.

E resistente Schoulsystem

Zesumme mam LUCET huet de Bildungsminister am Fréijoer d’Resultater vun de leschten Épreuves standardisées virgestallt. Anescht wéi een et sech hätt kéinten wéinst der aussergewéinlecher Situatioun erwaarden, weist sech am Verglach mat 2019 keen negativen Trend bei de Resultater. Fir de Minister ass dat op de groussen Engagement vun den Enseignanten, Educateuren, Elteren a Schüler zeréckzeféieren. Och déi digital Infrastruktur an dat konsequent Eruféiere vun deene Jonken un déi digital Outilen hunn an deem Kontext eng wichteg Roll gespillt.

Fir punktuell Léierretarde bei de Schüler opzefänken, huet de Minister iwwerdeems ugekënnegt, datt och dëse Summer nees eng Summerschool organiséiert gëtt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...