„D‘Traversée duerch de Préizerdaul (N12) ass an de leschte Joeren erneiert ginn. Et stellt sech elo eraus, datt en Deel vun dëser Duerchgangsstrooss am Ausgang vu Platen, eng vun den Uertschaften aus der Gemeng Préizerdaul, an engem schlechten Zoustand ass. Effektiv schéngt den Ënnergrond respektiv d’Fondatioun vun dëser Strooss plazeweis agesackt ze sinn.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wéini gouf de Belag an den Ënnergrond vun dësem Tronçon erneiert? Ass also nach Garantie op dësem Deel? Ass de Schued schonn estiméiert ginn?
- Envisagéiert de Ministère op dësem Streckenofschnëtt Reparatur- oder Erneierungsaarbechten duerchféieren ze loossen?“
Réponse
Déi lescht gréisser Aarbechten an der Uertsduerchfaart vum Préizerdaul (N12) goufen an 3 Lousen duerchgefouert. D’Lousen 1 an 2 konnten 2011 respektiv 2013 ausgefouert ginn. D’Aarbechte vum Lous 3 goufe wéinst groussen Investitiounskäschten um Leitungsnetz, zesumme mat der Gemeng op 2026 reportéiert. Dobäi ass ze erwänen, dass all d’Aarbechte vun der Neigestaltung vun der Uertsduerchfaart viséiere fir d’Vitess vum Duerchgangsverkéier ze reduzéieren a sou d’Sécherheet op de betraffene Streckenofschnëtter ze erhéijen.
Betreffend dem vum honorabelen Deputéierten erwäänten Streckenofschnëtt am Ausgang vu Platen, ass envisagéiert Erneierungsaarbechten um Stroossenopbau duerchzeféieren, fir an Zukunft esou Asackungen ze vermeiden. De Projet fir dës Aarbechten ze exekutéiere gëtt am Moment vun der Stroossebauverwaltung ausgeschafft.
Well awer d’Méiglechkeete fir den ëffentleche Verkéier wärend den Aarbechten um concernéierte Streckenofschnëtt ëmzeleede begrenzt sinn a well zudeem d’Gemeng an enger Säitestrooss (d’rue Fontaine, déi als Ëmleedunge genotzt kéint ginn) deemnächst een eegene Projet ëmsetzt, kennen d’Erneierungsaarbechten um Stroosenopbau réischt Ufanks 2023 ausgefouert ginn.