D'”Asiatesch Horniss”, eng Gefor fir Beievëlker

Déi “Asiatesch Horniss” zerstéiert zanter enger Rei Joren d’Beievëlker an der Westpfalz an ësst hiren Hunneg op. Vill Beievëlker am Rheinland-Pfalz sinn och vun der “Varroamilbe” befall. D’DP Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu bei der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau nogefrot, wéi vill Beievëlker an de leschte fënnef Joer der “Varroamilbe” zum Affer gefall sinn, ob déi “Asiatesch Horniss” och zu Lëtzebuerg aktiv ass, wéi een d’Beievëlker virun hir schütze kann a wéi et mat der Zesummenaarbecht tëscht de Beienziichter an dem Ministère ausgesäit. 

„Mir si gewuer ginn, datt déi sou genannt “Asiatesch Horniss” d’Beievëlker an der Westpfalz zanter enger Rei Joren zerstéiert an hiren Hunneg opfrësst. Dat féiert dozou, datt den Ökosystem an dëser Géigend gestéiert gëtt an datt just ronn een Drëttel vun de Beievëlker iwwerliewe kéint. Dozou kënnt, datt eng Rëtsch Beievëlker a Rheinland-Pfalz krank sinn, well de Wanter zimmlech mëll war a well se vun der “Varroamilbe” befall sinn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau follgend Froe stellen:

1. Wéi vill Beievëlker sinn an de leschte fënnef Joer der “Varroamilbe” zum Affer gefall?

2. Ass déi “Asiatesch Horniss” mëttlerweil och zu Lëtzebuerg aktiv?

3. Mat wat fir enge Mëttel kann et gelénge fir d’Beievëlker virun dësem aggressivem Insekt ze schützen?

4. Wéi gesäit an dësem Kontext d’Zesummenaarbecht tëscht de Beienziichter an dem Ministère aus?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...