Coronasteier – eng Geeschterdiskussioun

Eng Zäit laang wosst kee Mënsch esou richteg ewéi mir wirtschaftlech duerch d’Pandemie komme géifen. Haut wësse mir, datt Lëtzebuerg – am Verglach mam Ausland – relativ gutt duerch d’Kris kënnt. Och wann d’Pandemie wirtschaftlech Spueren hannerléisst, wäert d‘Staatsschold viraussiichtlech ënner 30% vum PIB bleiwen. Dat ass eng gutt Noriicht, well domadder wäert eist Land weider zu de Musterschüler an der EU a Saache Staatsscholden a Scholdenzouwuess an der Kris gehéieren.

Reflexaarteg siche Verschiddener an enger Kris awer no Sënnebéck a Krisegewënner. Also no deenen, déi wirtschaftlech vun enger Kris profitéiert hätten. Besonnesch äifreg Stëmmen aus der Politik wëllen dës Leit esouguer mat enger Coronasteier extra besteieren.

Ofgesinn dovunner, datt Steiererhéijungen de Moment héich kontraproduktiv wieren, well se de Konsum an den Aarbechtsmaart belaaschten, bleift d’Fro, wien dës Krisegewënner da solle sinn. Doriwwer eraus gesäit eise Steiersystem souwisou scho vir, datt onerwaart oder aussergewéinlech Gewënner besteiert ginn. Wat soll dann nach eng zousätzlech Coronasteier?

Esou eng sënnlos Coronasteier géif nämlech besonnesch déi bestrofen, déi séier a flexibel op d’Kris reagéiert hunn. Zum Beispill Betriber, déi hire Geschäftsmodell op Produiten an Déngschtleeschtungen adaptéiert hunn, déi mir dréngend an der Kris gebraucht hunn. 

Dozou ziele Schutzmasken, Desinfektiounsmëttel an och Logistikzerwisser, déi wichteg Gidder aus dem Ausland op Lëtzebuerg bruecht hunn.

Wier et fair, genee déi Leit méi ze belaaschten, déi probéiert hunn, fir Léisungen am Interessi vun eiser Gesellschaft ze fannen an dofir e Geschäftsrisiko a Kaf geholl hunn?

Lëtzebuerg brauch kreativ an innovativ Firmen. D’Innovatioun ass de Motor vun eiser Wirtschaft an dat an alle Beräicher.

Eng Coronasteier wier dofir weder steierlech praktikabel nach wirtschaftlech sënnvoll.

Dofir sollen se bleiwen, wat se sinn: Geeschterdiskussiounen!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

ITM-Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun

D’ITM gesäit d’Ënnerstëtzung vu Betriber an d’Preventioun als hir Prioritéiten un. Am Secteur vun der Restauratioun schéngt awer den direkten Asaz vu Sanktiounen no enger Kontroll éischter d’Reegel an net d’Ausnam ze sinn. An deem Kontext wollten d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann vum Aarbechtsminister ënnert anerem wëssen, wéi vill Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun an de leschte 5 Joer duerchgefouert, wéi vill Sanktiounen direkt no enger Kontroll prononcéiert a wéi vill Sanktioune reduzéiert oder zeréckgezu goufen.

weiderliesen...

Op der Nordstrooss muss et elo virugoen!

An der Tribune Libre vun der DP insistéiert den Nord-Deputéierten André Bauler dorobber, datt déi politesch Akzenter fir den Ausbau an d’Moderniséierung vun der Nordstrooss kloer an däitlech gesat gi sinn. Déi Decisioune missten elo och um Terrain ëmgesat ginn.

weiderliesen...