Contern

Eng Place Luc Frieden zu Conter?

Eng Place Luc Frieden zu Conter?

D’DP-Fraktioun huet an der Gemengerotssëtzung vum 22.05.2024 géint d’Propose vum Schäfferot gestëmmt, eng Plaz am Conter Duerfkär nom Luc Frieden ze nennen.

Mir respektéieren d’Persoun Luc Frieden an d’Aarbecht, déi hien als Premierminister fir Lëtzebuerg leescht. Allerdéngs soll d’Benenne vu Plazen oder Stroossen der allgemenger Opfaassung no eng posthum Éier sinn fir engem seng Verdéngschter ze wierdegen. Déi puer Stroossen am Land, déi de Numm vun engem nach liewende Politiker droen, kruten hiren Numm och eréischt nom Enn vun der politescher Carrière.

Mir gesinn net an, wisou dëst zu Conter anescht gehandhaabt soll ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp