Aktiv fir Europa

 

Déi europäesch Liberal sinn am Mee 2014 fir d’éischte Kéier ënnert dem neien Numm „ALDE-Partei” an d’Europawale gaangen. Den 33. Kongress vun der ELDR zu Dublin huet den neien Numm Alliance of Liberals and Democrats for Europe souzesoen eestëmmeg ugeholl.

 

Fir d’Europawalen 2019 ass déi folgend Deklaratioun ugeholl ginn.

Fräiheet, Chancëgläichheet, Wuelstand: déi liberal Visioun fir d’Zukunft vun Europa [méi…]

ALDE Individuell Memberen

De Statut vun engem individuelle Member steet bei der ALDE fir de Support vun den  europäesch liberale Wäerter vu Fräiheet, Eegeverantwortung, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet, Respekt virun de Mënscherechter an Toleranz. Fir d’ALDE ass dëtt en neie Wee, fir interesséiert europäesch Bierger an d’Aktivitéite vun der ALDE mat anzebezéien. Individuell Memberschaften an der ALDE sti fir eng geliefte Basisdemokratie a spillen ëmmer méi eng aktiv Roll an der ALDE.

Ech wëll Member vun der ALDE ginn [méi…]

D'DP am Europaparlement

D’DP ass mat engem Deputéierten am Europaparlament vertrueden. Als Liberaler setze mir eis fir en demokratescht a rechtsstaatlecht Europa an, dat no beim Bierger ass.

  • Eisen Europadeputéierten [méi…]

  • D’Deklaratioun vun der ALDE am Iwwerbléck [méi…]

  • D’ALDE am Europaparlament [méi…]