“Nom Broch am Tunnel Schieburg tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz viru bal fënnef Méint ass vun der CFL matgedeelt ginn, datt déi infrastrukturell Aarbechten amgaang sinn an datt se net virun Abrëll ofgeschloss wäerte kënne ginn.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wat fir Aarbechte konnte bis elo am Tunnel weidergedriwwe respektiv ofgeschloss ginn?
- Ass et eventuell zu Komplikatiounen oder onerwaarte Contraintë komm?
- Kann den ugekënnegten Timing agehale ginn oder besteet e Risiko, datt dës Aarbechte méi laang brauche wéi ugeduecht?
- Ass vu Säite vun der CFL virgesi fir déi betraffen Usageren a Gemengen a reegelméissegen Ofstänn iwwer de Verlaf vun den Aarbechten z’informéieren?“