„De Chantier un der Transversale de Clervaux leeft op Héichtouren. Dee leschten Tracé ass an der Ausféierung, dat an engem Gebitt, dat topographesch a geologesch sécherlech net einfach ass.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wou ass dee Chantier de Moment drun? Goufen et eventuell Verspéidungen an Iwwerraschunge wärend der Exekutioun vum Chantier?
- A wat fir engen Delaie kann dëse Chantier op een Enn kommen? Huet d’Zäitschinn missen ugepasst ginn?
- Kann den Här Minister Informatioune liwweren iwwer déi geplangte Renaturéierung, soubal de Chantier finaliséiert ginn ass?“