„Op der Kräizung zu Räichel bei Réiden, wou sech déi dräi Nationalstroossen N12, N22 an N23 begéinen, kënnt et ëmmer nees zu geféierleche Situatiounen.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Ass schonn driwwer nogeduecht gi fir op dëser Plaz e Giratoire z‘amenagéieren? Wa jo, ass sou ee Projet schonn an der Maach?
- Kann den Här Minister matdeele wéi vill Gefierer all Dag op dëser Plaz laanscht fueren? Wéi huet sech hir Zuel an de leschte Joren entwéckelt?
- Wou ass de Projet vun enger Vëlospist tëscht Réiden a Räichel, déi laanscht dës Plaz verlafe soll, de Moment drun? Goufen do mëttlerweil Emprisë gemaach?“