Question
„Och wann de Schilddrüsekriibs manner verbreet ass ewéi den Daarm- an de Broschtkriibs, sou schéngt et awer, wéi wa méi jonk Leit wéi nach viru Jore betraff wieren.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung folgend Froe stellen:
- Wéi huet sech d’Zuel vun den Erkrankunge vun der Schilddrüs an de leschten 10 Joer entwéckelt? Wéi vill Erkrankungen dovunner ware klassesch Kriibsfäll?
- A wéi ville Fäll konnten dës Kriibsfäll geheelt ginn?
- Wéi verdeelen sech d’Kriibsfäll bei der Schilddrüs jee no Geschlecht? A wéi héich war den Duerchschnëttsalter vun de betraffene Patiente jee no Geschlecht? Ass de Prozentsaz vun de jéngere Leit, déi vun dëser Zort Kriibs betraff sinn, an de leschte Jore geklommen?“