Zuch

Wéi lafen d’Chantieren am Minett-Park a kënnt en Zuchmusée ?

Wou sinn d’Chantiere vum INAP am Minett-Park drun, an ass geplangt an Zukunft en Zuchmuseé ze bauen? Wéi sollen d’Mémoire vun der Eisebunn an de Fond-de-gras weider valoriséiert ginn? Ons DP Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Minister fir Kultur nogefrot.

Fro

„De Minett-Park „Fonds de Gras“ ass ee Fräiliichtmusée, deen iwwer ee puer Hektar verschidde Sitte

matenee verbënnt an de Visiteuren eng eenzegaarteg kulturell an touristesch Offer bitt.

Attraktioune si nieft der bemierkenswäerter Natur beim Minett-Park, och den Oppidum vum „Tëtelbierg“, déi al „Minièresbunn“ oder den „Train 1900“, dee vu ganz engagéierte Benevolle bedriwwe gëtt, a wou ee kann an eng aner Zäit andauchen.

An deem Kontext gëtt och ëmmer nees vum engem Zuchmusée um Site geschwat, wou de Lëtzebuergesche Patrimoine ferroviaire kéint nach méi valoriséiert an dem breede Publik zougänglech gemaach ginn.

An deem Kader wollte mir dem Här Kulturminister follgend Froe stellen:

  1. Am Moment lafe Chantieren am Minett-Park. Wou sinn dës Chantiere vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) drun?
  2. Ginn et Pläng fir den Eisebunns-Patrimoine am Fonds-de-Gras ze valoriséieren?
  3. Ass geplangt fir en Zuchmuseé ze bauen an Zukunft?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...