Haut den Owend huet de Bezierkscomité Osten dem Comité Directeur vun der DP seng 7 Kandidatinnen a Kandidaten fir d’Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 virgeschloen.
Déi regional Spëtzekandidaten sinn de Lex Delles an d’Carole Hartmann. Den Altersduerchschnëtt vun der DP-Lëscht läit bei 41 Joer.
- Lex Delles, Spëtzekandidat, DP-Parteipresident, Minister fir Mëttelstand an Tourismus, 38 Joer, Munneref
- Carole Hartmann, Spëtzekandidatin, DP-Generalsekretärin, Députée-Maire, Affekotin, 36 Joer, Iechternach
- Gilles Baum, DP-Fraktiounspresident, Schäffen, 50 Joer, Jonglënster
- Michel Gloden, Buergermeeschter, Beamten bei der Gesondheetskeess, 51 Joer, Schengen
- Steve Reckel, Buergermeeschter, Privatbeamten, 46 Joer, Munneref
- Ben Ries, Buergermeeschter, Professer, 39 Joer, Jonglënster
- Claire Sertznig, Gemengeconseillère, Gestionnaire de Projets um Institut Viti-Vinicole, 29 Joer, Gréiwemaacher
Laut de Statutte vun der DP, ass et um Comité Directeur fir iwwer d’Virschléi aus de Bezierker ze befannen. Déi 60 Kandidaten an d‘Campagne vun der DP fir d’Chamberwalen 2023 ginn e Samschdeg, de 15. Juli, um 11 Auer, am Atelier (54 Rue de Hollerich, Luxembourg) presentéiert.
Matgedeelt vun der DP Osten.