21 November 2024
D’ITM gesäit d’Ënnerstëtzung vu Betriber an d’Preventioun als hir Prioritéiten un. Am Secteur vun der Restauratioun schéngt awer den direkten Asaz vu Sanktiounen no enger Kontroll éischter d’Reegel an net d’Ausnam ze sinn. An deem Kontext wollten d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann vum Aarbechtsminister ënnert anerem wëssen, wéi vill Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun an de leschte...
19 November 2024
A senger éischter Deklaratioun zur Lëtzebuerger Aussepolitik huet de Ressortminister Xavier Bettel en Dënschdeg den Iwwerschlag iwwert déi international geopolitesch Situatioun gemaach.
18 November 2024
An der Tribune Libre vun der DP geet d’Deputėiert a Budgetsrapportrice Corinne Cahen op d’Mėiglechkeeten an d’Erausfuerderunge vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI) an, op dėi sech Lëtzebuerg upassen a preparėiere muss.
21 October 2024
An der Tribune Libre vun der DP insistéiert den Nord-Deputéierten André Bauler dorobber, datt déi politesch Akzenter fir den Ausbau an d'Moderniséierung vun der Nordstrooss kloer an däitlech gesat gi sinn. Déi Decisioune missten elo och um Terrain ëmgesat ginn.
16 September 2024
An der Tribune Libre vun der DP schwätzt de Claude Lamberty iwwert de responsabele Gebrauch vun den digitale Medien an der Schoul. Fir den DP-Vizepresident sinn den Handy an den Tablett onëmgänglech. D'Schoul muss deene Jonken awer dobäi eng Hand upaken.
17 June 2024
An der Tribune Libre um Radio schwätzt eisen Europadeputéierte Charles Goerens iwwert d‘Erausfuerderunge vun der EU no de Wale vum 9. Juni.
22 April 2024
An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Europakandidatin a Kulturmanagerin Nancy Braun iwwert déi europäesch Kulturpolitik, déi hir Verantwortung iwwerhuelen an och gesellschaftlech Themen an de Fokus stelle muss.
15 April 2024
An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.
07 March 2024
D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.
04 March 2024
An hirer Tribune Libre um Radio schwätzt d’Amela Skendorić sech fir eng Europpolitik aus, déi nach vill méi op d’Jugend ageet, fir e weidere Riets-Driff vun de jonken Europäer ze verhënneren.
05 February 2024
A senger Fräier Tribün um Radio schwätzt eisen Europadeputéierte Charel Goerens sech dofir aus, datt déi 27 Memberlänner vun der EU sech esou organiséieren, dass Europa mat där ablacklecher internationaler Entwécklung ka Schrëtt halen.
29 January 2024
A senger Tribune Libre um Radio huet sech de Lou Linster dës Woch Gedanken iwwert d’Suitte vun engem eventuelle Succès vum Donald Trump bei den nächste Presidentschaftswalen an den USA gemaach. Fir de President vun de Jonk Demokraten a Leidelenger Buergermeeschter muss Lëtzebuerg ë.a. seng Engagementer vis-à-vis vun der NATO erfëllen.
08 January 2024
An senger Tribune Libre um Radio schwätzt de Steven Milbert vun de Jonk Demokraten iwwer d’Liberaliséierung vun den Apdikten, de Verkaf vu rezeptfräie Medikamenter an Drogerien oder a Supermarchéë souwéi iwwer d’Annuléierung vum Verkafsverbuet vun net-rezeptflichtege Medikamenter an Automaten. D’Regierung misst de Biergerinnen a Bierger eng zäitgeméiss Gesondheetsversuergung garantéieren.
11 December 2023
An der Tribune Libre um Radio schwätzt eis Deputéiert Mandy Minella iwwert déi zousätzlech Efforte vun der neier Regierung, fir dWork-Life-Balance zu Lëtzebuerg weider auszebauen.
27 November 2023
An der Tribune Libre vun der DP schwätzt eisen Deputéierte Luc Emering dës Woch iwwert e moderne Naturschutz, deen net mat Feindbiller schafft a sech net an onwichtegen Detailer verrennt.
21 November 2023
Le Groupe parlementaire du Parti démocratique informe que M. Gilles BAUM assumera la fonction de président du groupe parlementaire pour la période de législature 2023-2028.
13 November 2023
An der Tribune Libre um Radio schwätzt de Finanzexpert a Schëfflenger Conseiller Jeffrey Drui dës Woch iwwer d‘Viraussetzungen, datt eis Finanzplaz och an Zukunft seng Roll an der Lëtzebuerger Wirtschaft spille kann.
23 October 2023
An der Tribune Libre vun der DP um Radio schwätzt dës Woch de Michael Agostini. De President vu de Jonk Demokraten geet dobäi op d’Interessie vu de Jonken an de Koalitiounsverhandlungen tëscht der CSV an der DP an.
09 October 2023
Die Demokratesch Partei (DP) gewinnt bei der Chamber-Wahl 2023 zwei Sitze hinzu und wird zukünftig mit 14 Abgeordneten im Parlament vertreten sein. Mit einem Stimmenanteil von 18,7 Prozent gewinnt die DP rund 1,8 Prozent hinzu. Das Comité Directeur der DP beschließt einstimmig Koalitionsgespräche mit der CSV aufzunehmen
08 October 2023
D'DP ass e klore Gewënner vun de Chamberwalen, mat engem Plus vun 2 Sëtz a prozentualem Zouwuess an alle Bezierker.
15 July 2023
Ënnert dem Lead vum Premierminister Xavier Bettel huet d’Regierung eist Land sécher duerch d’Pandemie an d’Energie-, respektiv d’Inflatiounskris geféiert. Just a Krisenzäiten huet d’DP bewisen, datt si keen eleng stoe léisst.
15 July 2023
Mir hunn haut offiziell eis Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 presentéiert.
13 July 2023
Haut den Owend huet de Bezierkscomité Zentrum dem Comité Directeur vun der DP xseng 21 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. Déi regional Spëtzekandidate sinn de Xavier Bettel an d’Yuriko Backes.
12 July 2023
Haut den Owend huet de Bezierkscomité Süden dem Comité Directeur vun der DP seng 23 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. Déi regional Spëtzekandidate sinn de Claude Meisch an de Max Hahn.
11 July 2023
Haut den Owend huet de Bezierkscomité Norden dem Comité Directeur vun der DP seng 9 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. Déi regional Spëtzekandidate sinn de Fernand Etgen an de Marc Hansen.
10 July 2023
Haut den Owend huet de Bezierkscomité Osten dem Comité Directeur vun der DP seng 7 Kandidatinnen a Kandidaten fir d’Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 virgeschloen.
08 July 2023
D’Demokratesch Partei (DP) huet op hirem Nationalkongress 2023 en ëmfaassende Walprogramm fir d’Parlamentswale vum Oktober presentéiert. Iwwer 400 Membere sinn an de Kulturzenter Syrkus op Rued-Sir komm, fir de Premier Xavier Bettel, de President Lex Delles an déi regional Spëtzekandidaten am kommende Walkampf z’ënnerstëtzen.
12 June 2023
A senger Tribune Libre schwätzt sech de Lou Linster - eise Leidenger DP-Schäffen a Vizepresident vun de Jonk Demokraten - fir eng iwwerfälleg Reform vum Taxis-Secteur zu Lëtzebuerg aus.
12 June 2023
Die DP gewinnt landesweit 26 zusätzliche Mandate und erreicht damit insgesamt 134 Mandate.
In der Stadt Luxemburg gewinnt die DP einen Sitz und verteidigt als stärkste Partei deutlich Platz 1. Bürgermeisterin Lydie Polfer erzielt mit Abstand das beste Ergebnis aller städtischen Kandidaten.
Die DP erzielt deutliche Zugewinne in zahlreichen Gemeinden, zum Beispiel in Diekirch, Düdelingen, Echternach,...
28 April 2023
Den Dialog mat iech ass d’Essenz vu menger Politik. Dozou stinn ech an dofir kommen ech bei iech.
13 April 2023
D’Demokratesch Partei trëtt mat 658 Kandidaten a 47 Lëschten bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 un.
29 March 2023
A senger Tribune Libre schwätzt eise Fraktiounschef Gilles Baum dës Woch iwwert d’Mesuren, déi d’Regierung geholl huet, fir de Biergerinnen a Bierger duerch d’Krisenzäiten ze hëllefen.
07 March 2023
D'Präsenz vun deenen ronn 550 Memberen hunn dee Gemengewalkongress zu engem gellegen Erfolleg gemaach, deen eiser Partei zousätzleche Schwong fir d’Campagne gëtt.
06 March 2023
An hirer Tribune Libre schwätzt eis Generalsekretärin Carole Hartmann dës Woch iwwert de Lancement vun der DP-Campagne fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023.
20 February 2023
An hirer Tribune Libre huet eis Cliärrwer Gemenge-Kandidatin Angèle Mersch dës Woch iwwer d’Responsabilitéit vun de Gemengen am Kampf géint de Klimawandel a géint d’Energiekris geschwat.
30 January 2023
D’Finanzministesch Yuriko Backes huet weider Steiererliichterungen an Héicht vu 500 Milliounen Euro annoncéiert. Déi aktuell budgetär Situatioun erméiglecht et esou d’Kafkraaft vun de Leit bis an d’Mëttelschicht eran ze stäerken.
30 January 2023
An der Tribune Libre um Radio huet eis Secrétaire-adjointe Anne Daems dës Woch iwwert déi grouss Prinzippie geschwat, mat där d’DP an déi nächste Gemengwale vum 11. Juni geet.
16 January 2023
A senger Tribune Libre um Radio huet eisen Deputéierten André Bauler dës Woch doriwwer geschwat, wéi wichteg et fir Lëtzebuerg ass, fir weider attraktiv fir héichqualifizéiert an innovativ Talenter och aus dem Ausland ze bleiwen; besonnesch am Finanzsekteur.
19 December 2022
A senger Tribune Libre um Radio huet de Gusty Graas dës Woch iwwert de leschten Accord salarial an der Fonction publique geschwat. Fir eisen Deputéierten ass dat e raisonnabelen Accord, dee weist, datt de Ressortminister Marc Hansen an d’CGFP e konstruktiven Dialog gefouert hunn, deen och an Zukunft fir soziale Fridden am ëffentlechen Déngscht suergt.
14 November 2022
A der Tribune Libre vun der DP huet eisen Deputéierte Guy Arendt dës Woch iwwer d’Wichtegkeet vun der digitaler Inclusioun zu Lëtzebuerg geschwat. Dat heescht iwwer d’Efforten, déi hei am Land geholl ginn, fir datt all Mënsch ka mat an dat neit, digitaalt Zäitalter geholl ginn.
10 October 2022
A senger Tribune Libre um Radio huet eisen Deputéierten an nächste Budgetsrapporter Max Hahn dës Woch iwwert den historesche Gesetzprojet zum Staatsbudget 2023 geschwat.
22 September 2022
Divers Gemengen uechtert Land hunn a rezenter Vergaangenheet mam Staat Konventioune betreffend dem Coordinateur sportif ënnerschriwwen. An dem Kontext, hunn DP-Deputéiert Claude Lamberty a Gusty Graas beim Sportminister nogefrot wéi et mam Coordinateur sportif an de Gemenge weidergeet.
19 September 2022
An der Tribune Libre vun der DP schwätzt eisen Deputéierten a Vizepresident Claude Lamberty iwwert déi nei Mesuren an der non-formaler Educatioun, déi de Bildungsminister Claude Meisch fir dës Schoulrentrée agefouert huet.
17 August 2022
D’DP steet fir eng ambitiéis an nohalteg Klima- an Energiepolitik, och an eise Gemengen.
Déi aktuell Energie-Kris huet d'DP-Gemengepolitiker nach eng Kéier doranner bestäerkt, fir hir lokal Efforten am Sënn vun engem nohaltegen a verantwortungsvollen Energieverbrauch auszebauen...
21 July 2022
D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.
21 July 2022
D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.
21 July 2022
Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.
21 July 2022
Zanter Ufank Mäerz ass d’Monique Smit-Thijs Nofollgerin vum Frank Colabianchi als Buergermeeschter vu Bartreng.
21 July 2022
D’Fermeture vun der Ettelbrécker Maternité huet eis däitlech virun Ae gefouert, datt de Mangel un Doktere schonn haut eescht Konsequenze fir d’Bierger huet.
21 July 2022
De Krich an der Ukrain an eis Solidaritéit mam ukrainesche Vollek hunn e Präis. Wéinst der aktueller Energiekris an der héiger Inflatioun stinn Existenzen an Aarbechtsplazen um Spill. D'DP hëlt dës Suergen eescht.
21 July 2022
Um éischten Nationalkongress en présentiel nom Ufank vun der Covid-Pandemie huet eis Partei eng nei Féierung gewielt.
04 July 2022
An hirer Tribune Libre schwätzt eis Ost-Deputéiert Carole Hartmann iwwer d’Urteel vum ieweschte Geriichtshaff vun den USA, fir d’Recht op Ofdreiwung an Amerika z’annuléieren. Fir eis Generalsekretärin ass dat eng schlecht Nouvelle fir d’Selbstbestëmmung vun der Fra iwwert hire Kierper. An eng Warnung, datt d’Frae musse weider fir hir Rechter kämpfen.
21 June 2022
A senger Tribune Libre um Radio huet eise Fraktiounschef Gilles Baum dës Woch iwwert d’Ëmsetze vum Haaptdeel vum Tripartite-Accord geschwat.
13 June 2022
Um éischten Nationalkongress en présentiel no 3 Joer hunn d’Memberen am struppevolle Centre Atert zu Bartreng eng nei Parteiféierung op nationalem Niveau an op Bezierksniveau gewielt. De Vertrauensbeweis fir d’Kandidate war immens grouss.
30 May 2022
An hirer Tribune Libre schwätzt eis Ost-Deputéiert Carole Hartmann iwwert d’Noutwennegkeet vun enger dezentraler, moderner a liberaler Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg.
02 May 2022
An der Tribune Libre um Radio schwätzt eise Generalsekretär Claude Lamberty dës Woch iwwert den historesche Solidaritéitspak vun 830 Milliounen Euro, op deen d’Tripartite sech gëeenegt huet, fir d’Leit an d’Betriber duerch déi aktuell Kris ze bréngen.
07 March 2022
A senger Tribune libre um Radio schwätzt eisen Deputéierte Gusty Graas iwwert déi russesch Attacke géint d’Ukrain an iwwert d’Mesuren, déi de fräiheetlech gesënnte Länner géint de Regime vum Wladimir Putin zur Verfügung stinn.
02 March 2022
Als Finanzministesch ass et eng natierlech Prioritéit, dofir ze suergen, datt ons Staatsfinanze weider gesond bleiwen. Da kënne mir nämlech onst Land gezielt op d’Zukunft virbereeden, an zwar andeems mir an déi nohalteg an an déi digital Entwécklung investéieren.
02 March 2022
Am Kader vu senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel d’Iddi vun engem Klimabiergerrot lancéiert. Enn Januar ass et du lassgaang: An der éischter vu ronn 15 Reunioune sinn d’Membere fir d’éischt iwwert den aktuelle Stand der Dinge a Saache Klimapolitik informéiert ginn.
02 March 2022
A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel déi sozial-liberal Richtung vun der Regierung mat weideren Hëllefen am soziale Beräich ënnerstrach.
02 March 2022
Kierzlech huet de Gilles Baum eng Interpellatioun zum Lëtzebuerger Wäibau ugefrot. An den Ae vum Ost-Deputéierten ass de Wäibau net nëmmen e wichtege Wirtschaftsfacteur fir eist Land, ma den traditionelle Savoir-Faire ass och en Deel vum nationale Patrimoine. Dofir ass et der DP och wichteg, datt d’Chamber sech reegelméisseg mat deem Sujet befaasst.
02 March 2022
D’Sheila Schmit huet definitiv hire Wee fonnt. Si huet sech virun 2 Joer komplett als liberal Hiewan selbststänneg gemaach. Virdrun huet si ë.a. 15 Joer am Escher Spidol geschafft. Ma si war ës ebemol midd mat de Schichten, mat der Organisatioun am Spidolswiesen a mat den Aarbechtskonditiounen.
02 March 2022
D’Chamber-Fraktioun vun der DP hat viru Kuerzem eng Aktualitéitsstonn iwwert d’NATO ugefrot.
02 March 2022
Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt eis Aarbechtswelt muss méi flexibel ginn. Si entsprécht weder de Realitéite vun haut, nach de Besoine vu ville Familljen.
01 March 2022
De Kriepse Lex gëtt 1946 zu Guildford an England gebuer. Firwat an England? Ma well seng Mamm – eng gebierteg Irin – sech do wuel gefillt huet, fir hier 3 Kanner op d’Welt ze bréngen. Och wa si ee Joer virdru bei hire Mann – de Resistenzler, Offizéier a spéidere Minister Emile Krieps – op Lëtzebuerg komm ass. Dofir steet am Lex sengem Pass och AlexandER an net AlexandRE.
01 March 2022
Born in Olesno, Poland, Artur speaks seven languages. Nine years ago he founded the Luxembourg-Poland Chamber of Commerce. At Maison Moderne he is in charge of the Paperjam + Delano Club. He enjoys spending time with his two children, reading, running, and discovering new countries and cultures.
01 March 2022
De Patrick Krecké huet 47 Joer, hien ass Papp vun zwee Meedercher a schafft zanter 23 Joer op enger Bank. De Patrick ass President vum Nouspelter Syndicat d’Initiative, hien ass Member vun der Schoulkommissioun zu Kielen an ass am Elterecomité aktiv.
Den 11. Juni 2021 ass de Patrick Nofollger vum Conseiller Tom Hansen ginn.
31 January 2022
An der Tribune Libre um Radio huet eise Fraktiounschef Gilles Baum d’Argumenter zu der geplangtener Impfflicht géint de Corona-Virus duergeluecht.
10 January 2022
Fir d’Leit méi staark an d’Diskussioune ronderëm d’Klimapolitik anzebannen, hat de Premier Xavier Bettel am Oktober d’Schafe vun engem Klimabiergerrot annoncéiert - viru kuerzem huet hien déi genee Detailer dozou presentéiert. A senger Tribune libre geet de Generalsekretär vun der DP, de Claude Lamberty op dësen zu Lëtzebuerg eenzegaartege Projet an, an ënnersträicht d’Wichtegkeet vun enger ambitiéiser...
03 December 2021
No der eestëmmeger Entscheedung vun den DP-Gremie wäert de Premier Xavier Bettel dem Grand-Duc d'Yuriko Backes als nei Finanzministesch proposéieren.
30 November 2021
Le Parti démocratique informe que Pierre Gramegna, ministre des Finances et du Budget, a annoncé sa volonté de démissionner de ses fonctions ministérielles pour des raisons personnelles.
25 October 2021
A senger Tribune Libre um Radio huet de Max Hahn dës Woch iwwert déi zousätzlech Mesure vun der Regierung géint de Mangel u bezuelbarem Wunnraum geschwat.
27 September 2021
D’Gemeng Mäerzeg mam Buergermeeschter Mike Poiré huet sech dëtt Joer der Sektioun Réiden ugeschloss an dorausser ass d‘Fusiounssektioun Atert-Wark ginn. Bis 2020 war d’Gemeng Mäerzeg nach an der Sektioun Nordstad.
Déi al Sektioun Réiden iwwerdeems huet zanter jeehier mat der Sektioun Rammerech zesumme geschafft; dofir stelle mer iech hei an engems d‘Rammerecher Sektioun an hire neie President vir....
27 September 2021
A senger Tribune Libre um Radio ass eise Fraktiounschef Gilles Baum dës Woch op déi grouss Linne vun der Schoulrentrée 2021/2022 agaangen.
27 September 2021
Dës Kéier am Spotlight: d’Claire Sertznig, déi nei DP-Conseillère am Maacher Gemengerot.
D’Duechter vun hirem Virgänger René Sertznig huet vun doheem aus fréi Kontakt mat der Politik gehat. Dofir ass et kee Wonner, datt d’Claire sech fir d’éischt an der JDL an dono an der Gemengepolitik engagéiert huet.
25 September 2021
Mat der Rentrée lancéiert d‘DP eng wichteg intern Nouveautéit – de FutureLab. Wat hannert dem villverspriechenden Titel stécht, hu mir d'Corinne Cahen an de Claude Lamberty gefrot.
24 September 2021
Et geet de Bewunner gréisstendeels gutt. Allerdéngs kréien ech all Dag vun eelere Mënsche gesot, se wéilten ni méi agespaart sinn. Ech kann dat ganz gutt verstoen. Mir wäerten dofir alles maachen, fir dass jidderee säi Liewe selbstbestëmmt liewe kann, och an den Alters- a Fleegeheemer.
24 September 2021
Genee wéi d’DP dat an hirem Walprogramm gefuerdert huet, wäerten d‘Kanner an déi Jugendlech vun engem landeswäite gratis Museksunterrecht profitéiere kënnen, an zwar vun der Rentrée 2022/2023 un.
24 September 2021
D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.
24 September 2021
„Virun der Rentrée hunn ech mech mat de Lëtzebuerger Medie getraff, fir driwwer ze schwätzen, wéi d’EU-Aussepolitik an deenen nächste Jore besser ka finanzéiert ginn.
24 September 2021
De René Hübsch kënnt den 13. Januar 1937 an der Waarkerstrooss zu Ettelbréck op d’Welt. Nëmme 7 Méint dono stierft säi Papp, deen e Betrib als Plafonéierer (Gipser) hat. Eigentlech sollt de René d’Handwierk vum Usträicher léieren. Ma de Jong léiert esou gutt, datt de Schoulmeeschter insistéiert, fir hien an de Lycée ze schécken.
24 September 2021
Nom Depart vun der Tanja de Jager, huet den 42 Joer ale Mathis Prost hire Posten als Gemengeconseiller an der Stad iwwerholl.
24 September 2021
Wier et fair, genee déi Leit méi ze belaaschten, déi probéiert hunn, fir Léisungen am Interessi vun eiser Gesellschaft ze fannen an dofir e Geschäftsrisiko a Kaf geholl hunn?
24 September 2021
Gutt 13 Joer nom éischte Pacte Logement, huet d’Chamber viru Kuerzem de Pacte Logement 2.0 gestëmmt.
24 September 2021
D’Schouloffer weider diversifizéieren, di Jonk op eng digital Welt virbereeden an d’Schüler weider intensiv ënnerstëtzen – dëst sinn déi 3 Prioritéiten, déi de Bildungsminister Claude Meisch op senger traditioneller Pressekonferenz virun der Schoulrentrée virgestallt huet.
24 September 2021
Vaccine sinn déi beschte Waff géint de Covid-Virus. Si sinn déi effikasste Léisung, fir en haarden Hierscht a Wanter ze vermeiden.
25 August 2021
En Dënschdeg ass d’Iechternacher Éierebuergermeeschtesch Mady Schaffner am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
12 July 2021
De „Lëtzebuerger Wee“ – also e Mix vun Impfung a sanitäre Reegelen – ass déi richteg Manéier am Kampf géint d’Pandemie. Dat sot eise Fraktiounschef Gilles Baum op der Bilans-Pressekonferenz vum Chambergrupp vun der DP.
12 July 2021
A senger Tribune Libre um Radio schwätzt eise Fraktiounschef Gilles Baum dës Woch iwwert déi politesch Prioritéite vum Land, och nieft deene vun der Lutte géint de Covid.
05 July 2021
An der Tribune Libre um Radio huet eisen Deputéierte Pim Knaff dës Woch iwwert d’Verdeedegung vun de Rechter vun homo- an transsexuelle Mënschen an Ungarn an an Europa geschwat.
14 June 2021
A senger Tribune Libre um Radio schwätzt de Paul Engel, Buergermeeschter vu Groussbus, dës Woch iwwert Gemengefusiounen a méi spezifesch iwwert déi geplangte Fusioun vu Groussbus a vu Wal.
02 June 2021
Den neie Gehälter-Accord mat der CGFP erlaabt et der Regierung an Zukunft, fir de Fokus am ëffentlechen Déngscht op d’Aarbechtskonditioune vun de Beamten ze leeën.
02 June 2021
“Minimal Chance fir de Virus, maximal Chance fir d’Bildung”: Dat war vun Ufank un d’Devise vum Bildungsminister Claude Meisch.
02 June 2021
Zanter Oktober 2020 huet och déi leschte Gemeng aus dem Uelzechtdall eng DP-Sektioun. 2023 wäert zu Lëntge bei de Gemengewale fir d’éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt ginn. Fir d’DP ass et dofir wichteg, sech elo scho gutt opzestellen.
02 June 2021
Déi douce Mobilitéit weiderbréngen, de Mënsche méi Plaz am ëffentleche Raum ginn, d’Stad nach méi attraktiv maachen: Scho virun der Pandemie ass um Knuedler vill doru geschafft ginn, ma Covid huet ouni Zweiwel gehollef, fir Projeten nach méi séier ëmzesetzen.
02 June 2021
Eis Ëmwelt huet en direkten Afloss op eis Gesondheet – an dat a villerlee Hisiicht. Dat huet d’Covid-Pandemie däitlech gewisen. D’DP wëll dofir de Stellewäert vun der Ëmweltmedezin a vun der Gesondheetspolitik stäerken.
02 June 2021
Mir wënschen eis eng Welt, an där all Mënsch iwwerall Zougank huet – net nëmme physesch, mee och den Zougank zu den Informatiounen. Wärend der Coronapandemie huet d’Regierung hiert Méiglechst gemaach, fir jidderengem all Informatiounen ze ginn: Esou sinn d’Deplianten an e puer Sproochen iwwersat ginn an d’Pressekonferenze konnten a Gebäerdesprooch suivéiert ginn.
02 June 2021
Dës Kéier am Spotlight: d’Daliah Scholl, déi nei gewielte Presidentin vun der DP-Süden. Mat der geléierter Flüttistin steet fir d’éischte Kéier eng Fra un der Spëtzt vum Bezierk Süde vun der DP. Zënter 2011 Presidentin vun der Escher Sektioun, ass d’Daliah Scholl och zënter de leschte Wale fir d’DP am Escher Gemengerot.
02 June 2021
D‘Finanzplanung an der EU erstreckt sech iwwert eng Period vu 7 Joer. De Conseil européen vum Juli 2020 huet decidéiert, 1.211 Milliarden Euro fir déi nei Period an de Budget z’investéieren. 79,5 Milliarden Euro dovunner fléissen an déi international Relatiounen.
02 June 2021
Den 32 Joer alen Dali Zhu ass geléierte Statistiker an Ökonometriker. Hien huet 4 Joer als Risk Manager am Bankesecteur geschafft. D’lescht Joer huet hien de Familljebetrib doheem iwwerholl. Hien ass Member vum Cercle Amicale des Oeuvres du Rotary a Vizepresident vun der International Association of story-telling and story-singing Arts, enger Associatioun, déi sech em kulturell Echangen tëscht China...
02 June 2021
E qualitativ héichwäertege Gesondheetssecteur zeechent sech virun allem duerch genuch kompetent Personal aus – dem Grondstee vun all Gesondheetssecteur. Ouni Dokteren, Infirmieren, Aides-soignanten, Hiewanen an all déi aner wichteg Gesondheetsberuffer geet et net.
01 June 2021
Enn Abrëll war an der Chamber eng grouss Orientatiounsdebatt iwwert de Kulturentwécklungsplang 1.0. E Plang, deen d’Aarbechten an der parlamentarescher Kulturkommissioun schonn zanter e puer Joer beschäftegt, an deen haut – matzen an der Covid-19 Pandemie – eng ganz aner Bedeitung huet ewéi nach 2018.
10 May 2021
A senger Tribune Libre um Radio huet de President vun der parlamentarescher Finanz- a Budgetskommissioun, den André Bauler, dës Woch en éischter positiven Tëschebilan iwwert déi wirtschaftlech a finanziell Situatioun vum Land gezunn.
27 April 2021
Schonns fir déi zweete Kéier zënter dem Ufank vun der Corona-Pandemie hat d’Demokratesch Partei de Méinden, 26. Abrëll op hiren Nationalkongress an digitaler Form gelueden. Och dëst Joer war et nees e grousse Succès : Méi wéi 600 Memberen hunn de Kongress live suivéiert a matgemaach.
26 April 2021
An der Tribune Libre um Radio huet eise Generalsekretär Claude Lamberty dës Woch iwwert d’Luucht um Enn vum Corona-Tunnel an iwwert déi politesch Zukunft vum Land no der Kris geschwat.
17 April 2021
Mam Paul Helminger verléiert Lëtzebuerg e Politiker, deen d’Land an d’Stad Lëtzebuerg staark gepräägt huet. De Paul Helminger wor e Politiker, dee Saache beweegt huet. E Mann, fir dee Moderniséierung kee Slogan wor, ma eng Aufgab, fir déi hie sech mat Leif a Séil engagéiert huet: als Diplomat, als Chef de Cabinet, als Staatssekretär, als Deputéierten, als Stater Député-Maire an als Entreprener.
29 March 2021
Den 28. Februar 2021 huet de Finanzminister Pierre Gramegna den Deputéierte vun der Finanz- a Budgetskommissioun an der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber virgestallt.
18 March 2021
„Déi éischt Missioun vum Staat a vun de Gemengen ass et, de Bierger hier Sécherheet ze garantéieren. Do hapert et gewalteg, op der Gare an och zu Bouneweg, an dat ass keen neie Phenomen“, esou de Constat vun der Stater Deputée-Maire Lydie Polfer an der Chamber, am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d’ëffentlech Sécherheet.
18 March 2021
2015 hat d‘Lëtzebuerger Kreativwirtschaft e Méiwäert vu ronn 400 Milliounen Euro opweises an huet méi wéi 7.000 Leit beschäftegt. An enger erweiderter Fro wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum Mëttelstandsminister wëssen, wéi sech de Secteur zanterhier entwéckelt huet a wat d‘Perspektive fir d’Zukunft sinn.
17 March 2021
De Comité directeur vun der Demokratescher Partei huet a senger Reunioun vum 17. Mäerz eestëmmeg decidéiert, der Regierung den Här Marc Meyers fir de vakante Posten am Staatsrot ze proposéieren.
16 March 2021
Grad elo an der Pandemie brauchen déi Jonk Perspektive fir mat der psychologescher Belaaschtung kënnen ëm ze goen. An enger erweiderter Fro wollt den DP-Deputéierte Claude Lamberty dowéinst vum Bildungsminister wëssen, wat d'Auswierkunge vun der Kris op déi mental Gesondheet vun deene Jonke sinn, a wat a Saache Preventioun vu Jugendgewalt gemaach gëtt.
15 March 2021
A senger Tribune Libre um Radio huet de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt iwwert d’Lutte géint d’Onsécherheetsgefill zu Bouneweg an am Quartier vun der Gare geschwat.
15 March 2021
D'DP wëll Chance vun der Digitaliséierung fir déi ganz Gesellschaft notzen, vun der Wirtschaft iwwer d'Bildung bis bei den Verwaltungen um Bierger. Dat Wichtegst bei alle Projeten: De Mënsch soll am Mëttelpunkt stoen.
12 March 2021
Eng Politik vun den nohaltege Finanzen ass wichteg an der Lutte géint de Klimawandel. Eis Strategie ass dofir kloer: Lëtzebuerg riicht seng Finanzplaz dorop aus, datt se de Verflichtungen aus de Paräisser Accorden erfëllt.
12 March 2021
Dank der virsiichteger Budgetspolitik vun de leschte Jore war Lëtzebuerg finanziell gutt opgestallt, wou d'Kris komm ass.
12 March 2021
D’Lëtzebuerger Sprooch ass de Kär vun eiser Identitéit an de Garant fir eng gelongen Integratioun. Dofir wëll d'Regierung eis Sprooch weider fërderen an och déi wëssenschaftlech Recherche virundreiwen.
12 March 2021
Fir dem digitale Wandel an de Fuerderunge vum Aarbechtsmarché gerecht ze ginn, mussen eis Kanner a Jugendlech léieren, mat de neisten Technologien ëmzegoen.
12 March 2021
D'Pandemie huet d'Schoul viru grouss Erausfuerderunge gestallt. Wärend verschidde Länner an der Pandemie massiv op den Homeschooling gesat hunn, huet Lëtzebuerg méi eng equilibréiert Approche applizéiert.
12 March 2021
Fir de Besoine vun de Konsumenten entgéint ze kommen a gläichzäiteg de lokale Commerce ze ënnerstëtze gouf d’Plattform Letzshop.lu an d’Liewe geruff.
12 March 2021
D'Regierung gräift de Betriber ënner d'Äerm fir duerch dës schwéier Zäit ze kommen. Mat Hëllefen déi reegelméisseg adaptéiert a verlängert goufe fir sech der Situatioun unzepassen.
12 March 2021
Och am ëffentlechen Déngscht spillen déi nei Technologien eng ëmmer méi grouss Roll. Dat geet vun enger digitaler Verwaltung, déi e besseren Zerviss um Bierger méiglech mécht, bis hin zu internen Aarbechtsofleef, déi duerch d’Digitaliséierung méi séier a méi effikass ginn.
12 March 2021
Schaffen a Wunne méi no beienee brénge fir eng besser Liewensqualitéit vun de Leit, dat ass eng vun den Haaptprioritéite vun der DP.
12 March 2021
E bessere Service um Bierger, méi effikass intern Aarbechtsofleef, vereinfacht Prozedure fir Entreprisen : D’Digitaliséierung bitt e grousst Potenzial fir de Staat an den ëffentlechen Déngscht nach méi performant ze maachen.
12 March 2021
„D’Zesummeliewe geet eis all eppes un. All zesumme si mer staark, fir en nach méi staarkt Lëtzebuerg weider ze plangen”, esou d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen bei der Chamberdebatt iwwer d’Integratiounspolitik zu Lëtzebuerg.
12 March 2021
Fir mat der Entwécklung vun der Medielandschaft Schrëtt ze halen, an an Zukunft nach méi Qualitéitsjournalismus ze fërderen, gëtt aktuell un enger Reform vun der Pressehëllef geschafft.
11 March 2021
D’Corona-Pandemie mat hire méi oder manner strenge Lockdownen, huet eis Wirtschaft ausgebremst an erschwéiert d'Reprise vun hiren Aktivitéiten. D’Regierung huet dofir eng ganz Rei finanziell Aiden a Mesuren decidéiert, fir der wirtschaftlecher Onsécherheet entgéint ze wierken a fir Aarbechtsplazen ofzesécheren.
11 March 2021
D'Pandemie belaascht vill Leit psychesch. Héich Zäit, méi iwwer déi mental Gesondheet ze schwätzen.
11 March 2021
Eis Gesondheet an eise Gesondheetssystem sinn zënter dem Ufank vun der Pandemie nees an de Virdergrond vum Interessi geréckelt: zemol d’Gesondheetsberuffer. Aus deem Grond gouf an der Chamber an enger Interpellatioun iwwer dee Sujet diskutéiert.
11 March 2021
De « Groupement européen de coopération territoriale » tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ass eng Initiativ vum Europäesche Parlament fir d’Kooperatioun an de Grenzregiounen ze verstäerken.
11 March 2021
D’Corona-Kris huet gewisen ewéi wichteg e performant Gesondheetswiesen – a besonnesch och Spideeler – sinn.
11 March 2021
Wat ass d’Roll vun Technologien déi Kuelendioxid aus der Loft filteren a bannen am Klimaschutz ? Mat där Fro huet sech d’Chamber an enger Aktualitéitsstonn befaasst.
02 March 2021
D'Demokratesch Partei organiséiert de 26. Abrëll 2021 um 19:00 Auer hiren Digitalkongress.
02 March 2021
D'DP ass dovunner iwwerzeegt, datt all Salarié selwer weess, wéi en am beschte schaffe kann. Esouwuel d'Salariéen ewéi och d'Patrone wënsche sech méi Flexibilitéit - fir eng besser Work-Life-Balance oder fir d‘Aarbecht besser un dat wirtschaftlecht Ëmfeld upassen.
14 January 2021
D'Vaccinen sinn dee beschte Wee zeréck an d'Normalitéit. Si hëllefen eis eise Gesondheetssystem ze schützen a nees an de Genoss vun eise Fräiheeten ze kommen.
14 January 2021
D’Federatioun vun de liberale Gemengevertrieder FCCD schafft och wärend der Covid-Kris u koherenten an innovative Léisungsvirschléi an de wichtegen, kommunalen Dossieren, esou hir Presidentin Martine Dieschburg-Nickels.
14 January 2021
Virum Summer gëtt an engem Referendum iwwert d’Fusioun vun de Gemenge Groussbus a Wal decidéiert. Fir de Buergermeeschter Paul Engel vu Groussbus erlaabt eng Fusioun villes, wat eleng net méiglech ass.
13 January 2021
Zesumme mat der Deputéiert Simone Beissel kucke mir op d’Lëtzebuerger Verfassung: op hir Geschicht, hir Wichtegkeet an der Gesellschaft an op d’Aarbechten un der Verfassungsreform fir se engem 21. Joerhonnert unzepassen.
13 January 2021
Fir de Charel Goerens ass d’Brexit-Ofkommes tëschent der EU a Groussbritannie besser ewéi iwwerhaapt keent. Den DP-Europadeputéierten hätt awer léiwer gehat, wann d’Britte weider an der EU bliwwe wieren.
13 January 2021
An der Chamber gëtt geschwënn en neit Medie-Gesetz gestëmmt. Bei dëser Geleeënheet hu mir mam Guy Arendt, President aus der zoustänneger Chamberkommissioun geschwat.
13 January 2021
De Josy Popov an de Marc Schramer schwätzen iwwer hier politesch Motivatiounen a Prioritéiten.
20 November 2020
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet déi lescht 2 Joer d’Benelux-Parlament presidéiert, dat de Regierungen zu Bréissel, Den Haag a Lëtzebuerg Avisen a Recommandatiounen iwwer Themen ausschafft, déi déi 3 Partner-Länner betreffen.
20 November 2020
Wat d’lescht Joer nach vum Tourismusminister Lex Delles als Campagne lancéiert gi war, fir d’Attraktivitéit vum Grand-Duché als Vakanzendestinatioun ze stäerken, war e Joer drop méi aktuell wéi jee. Aus der Nout eraus hu mir op eemol eist Land nei entdeckt.
Fir Reklamm fir eise schéinen Norden ze maachen, hunn ech mir dunn d‘DP-Sektioune gekroopt a si mam Hashtag #vakanzdoheem vu Veianen, iwwer...
20 November 2020
Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner op der Welt, dat vum Triple A profitéiert. Dëse beschtméigleche Rating gëtt vun onofhängegen Agence verginn a betrëfft d’Kreditwierdegkeet vun engem Land. D’Bewäertung garantéiert de gudde Ruff vun eiser Finanzplaz.
20 November 2020
De 36 Joer ale Mathis Ast ass de 4. November als neie Buergermeeschter vu Wormer vereedegt ginn. Hei gitt dir gewuer wat seng politesch Prioritéite sinn.
16 November 2020
Gudde Mëtteg,
De leschten 3. November war eng historesch Wal: d’Vereenegte Staate vun Amerika hunn en neie President gewielt. Historesch, well d’USA déi lescht 4 Joer ee President haten, dee virun allem duerch eng staark Polariséierung an d’Zerstéierung vu multilaterale Relatiounen opgefall ass. D’Hoffnung war op ville Plaze vun der Welt grouss, datt den Donald Trump géing ofgeléist ginn. Déi Hoffnung...
15 September 2020
D’DP ass hirem Ruff als responsabel Partei déi lescht Méint gerecht ginn. Eis Regierungsmemberen hunn déi richteg Entscheedunge fir d’Wuel vum Land getraff. Si hunn an hirem Ressort bewisen, datt a Krisenzäite Verlooss op si ass.
De Krisemanager
Lëtzebuerg ass ënnert dem Lead vum Premier Xavier Bettel gutt versuergt. „Wann et dem Land gutt geet, soll et de Leit nach besser goen”, dat war de Leetsproch...