Brauch Lëtzebuerg eng Gedächtnisambulanz ?

Ëmmer méi Leit ginn ëmmer méi al. Domadder klëmmt och de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéivill Persounen bis elo um „Programme Démence Prévention“ deelgeholl hunn, an ob et sënnvoll wier hei am Land eng Gedächtnisambulanz opzeriichten.

Fro

« L’évolution démographique se traduit par un nombre croissant de personnes de plus en plus âgées. La fréquence des maladies chroniques et le risque de démence augmentent également.

Afin de prévenir la démence, le ministère de la Santé a lancé en 2015 le « Programme Démence Prévention » (pdp).

À ce sujet, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :

  • Combien de personnes ont participé au « Programme Démence Prévention » depuis 2015 ?
  • Quel était l’âge moyen des participants au  « pdp » ?
  • Madame la Ministre, estime-t-elle que les personnes âgées de 30 à 40 ans devraient également être davantage sensibilisées à l’offre du « pdp » ?
  • Madame la Ministre, que pense-t-elle de l’idée de créer un Centre Mémoire (« Gedächtnisambulanz ») au Luxembourg ?»

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...