Bildung an Héichschoul

Bildung : Fair Zukunftschancë fir alleguerten d’Kanner

Den Accès zu enger héichwäerteger Bildung ass d’Viraussetzung fir e selbstbestëmmt an erfollegräicht Liewen. Fir d’DP spillt déi ëffentlech Schoul dofir eng essentiel Roll, fir all Kand eng fair Zukunftschance ze ginn an d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert ze vermëttelen. De Succès an der Schoul dierf net vun den Originnen, dem Statut oder der Sprooch vun den Elteren ofhänken, ma e soll all de Kanner d’nämmlecht opstoen.

Ënnert dem Lead vun der DP ass d’Offer an der ëffentlecher Schoul an de leschten zwou Legislaturperioden ëmmer méi grouss a méi villfälteg ginn, fir den Interessien, den Talenter an de Besoine vun de Schüler gerecht ze ginn. Mir wäerten och an Zukunft an d’Qualitéit an an d’Diversitéit vun der Schoul investéieren an dem Prinzip vun ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Kanner trei bleiwen.

De Reseau vun den ëffentlechen, internationale Schoulen zu Esch/Déifferdeng, Munneref, Jonglënster, Miersch, Clierf an an der Stad ass méi grouss ginn. Zu Diddeleng an zu Schëffleng/Esch sollen nei Offeren dobäi kommen. Et gëtt och gekuckt, ob eng nei Schoul ronderëm d’Stad soll bäikommen.

Ënnert dem Impuls vun der DP sinn déi lescht Jore grouss Efforte gemaach ginn, fir d’Qualitéit vun de Betreiungsstrukture fir Kanner ze verbesseren an esou déi non-formal Bildung ze stäerken. No der Aféierung vun 20 Stonne gratis, méisproocheger Fréifërderung an de Crèchë, sinn d’lescht Schouljoer och gratis Maison-relaisen ageféiert ginn, fir d’Kreativitéit vun de Kanner a Jugendlechen z’ënnerstëtzen an den Accès zu der Kultur z’erliichteren. Déi Moossnamen hunn d’Famillje finanziell däitlech entlaascht.

Mam Pilotprojet alphabétisation en langue allemande et alphabétisation en langue française an der Grondschoul, huet d’DP en innovatiivt Konzept entwéckelt, fir op déi grouss Villfalt vun de Schüler an de Lëtzebuerger Schoulen ze reagéieren. Mir wëllen déi Mesuren an den nächste Jore weider entwéckelen an ausbauen.

D’DP leet besonnesche Wäert op d’Wuelbefanne vu de Schüler. Nieft der allgemenger Vermëttlung vu Wëssen, ass et eis besonnesch wichteg, fir d’Kanner beschtméiglech an hirer perséinlecher Entwécklung z’ënnerstëtzen. Dofir wëlle mir nach méi Wäert op déi sozial an emotional Kompetenze leeën.

D’DP ass sech es bewosst, datt eis Kanner mussen optimal op den digitale Wandel preparéiert ginn. Déi digital Kompetenze spillen eng decisiv Roll fir d’Chancëgläichheet an de Succès an der Schoul. Dofir wäert d’DP d’Programmer weider moderniséieren an un d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert upassen. D’Schüler sollen dofir méi Know-how an de sougenannte 4K-Kompetenze kréien (Kreativitéit, Kritescht Denken, Kommunikatioun a Kollaboratioun), fir hinnen en erfollegräicht a eegebestëmmt Liewen an enger digitaler Welt z’erméiglechen.

Kandheet

D’DP huet an de leschte Jore Qualitéits-Critèrë fir déi non-formal Bildung ageféiert an d’Entwécklung vun der Qualitéit ënnerstëtzt. Doriwwer eraus huet d’DP d’Eltere finanziell staark ënnerstëtzt, andeems d’Maisons relais wärend der Schoulzäit gratis gi sinn an och 20 gratis Stonne Kannerbetreiung fir kleng Kanner ageféiert gi sinn. Ee vun den Haaptproblemer bleift allerdéngs, datt et an de Gemengen net genuch Betreiungsplazen a laang Waardelëschte gëtt. D’DP wäert mat de Gemengen Aktiounspläng ausschaffen, fir déi Waardelëschte bannent siiwe Joer ofgeschafft ze hunn. Dobäi wäerte mir och op nei Finanzéierungsmodeller setzen. Domadder soll garantéiert ginn, datt d’Eltere vun 2030 un eng Garantie fir eng Betreiungsplaz fir hir Kanner kréien.

A villen integréierte Projete sinn d’Maison relais an d’Schoulen déi lescht Joren an engem Bauprojet zesumme realiséiert ginn. Allgemeng huet den Echange tëschent deenen zwee Bildungshaiser a ville Gemengen zougeholl. De gesetzleche Kader mécht et dem Personal awer weider schwéier, fir op däer anerer Säit z’intervenéieren. D’DP wäert dofir suergen, datt d’Personal vun deenen zwou Strukture flexibel zesummeschaffe kënnen, fir datt den Interêt vun de Kanner am Mëttelpunkt steet.

D’DP wäert de Betreiungsschlëssel vun 2009 am Beräich vun de Kleng-Kanner verbesseren. Dofir brauch et fir d’éischt eng genee Analys iwwert déi aktuell Verdeelung vun de Ressourcen. D’DP wäert déi Reform wëssenschaftlech begleede loossen, fir sécherzestellen, datt Lëtzebuerg de Kleng-Kanner am internationale Verglach déi beschte Betreiungskonditioune garantéiert.

De Beräich vun der Kannerbetreiung ass déi lescht Jore staark an d’Luucht gaangen. Een Haaptproblem bleiwt et, fir déi néideg qualifizéiert Mataarbechter ze fannen. D’DP huet mam DAP Éducation a mam DAP Auxilliaires d’Inclusion zwou nei Ausbildungen an der Bildung geschaf. Den LTPES (Lycée Technique pour professions éducatives et sociales) an d’ENAD (École nationale pour adultes) wäerte mëttelfristeg en zweete Site um Belval opmaachen, fir sousätzlech Educateuren ze forméieren. Duerch déi Ausbildungsoffensiv wäert d’DP déi nächst Joren de Schlëssel u qualifizéiertem Personal kontinuéierlech ausbauen.

Fir d’Lëtzebuergesch-Kenntnisser vum Betreiungspersonal weider ze verbesseren, wäert d’DP – zesumme mam INL (Institut national des langues) a mat private Sproochschoulen – eng grouss Sproochoffensiv am Beräich vun der Klengkand-Betreiung starten. Dat gëllt fir Ufänger, déi en Niveau A1 viséieren, a fir Fortgeschrëttener, déi en Niveau B2 viséieren.

Besonnesch an de Maisons Relais schaffe vill Leit, déi aus organisatoresche Grënn kee Vollzäit-Kontrakt kréien. D’DP wäert, zesumme mat der FEDAS (Fédération des acteurs du secteur social) a mat der FELSEA (Fédération luxembourgeoise des services d’éducatioun et d’accueil des enfants), eng Léisung fir dee Problem fannen, an de Mataarbechter besser Aarbechtskonditioune garantéieren.

Den aktuelle System vun de Chèques-service Accueil ass zanter 2009 net méi reforméiert ginn a stéisst u seng Grenzen. D’DP wäert de Finanzéierungssystem tëschent de konventionéierten an de privaten Acteuren harmoniséieren. Dobäi solle kommerziell Aspekter keng Auswierkungen op d’Servicer hunn, déi d’Kanner direkt betreffen.

D’DP wäert d’Legislatioun iwwert d’Mini-Crèchen iwwerschaffen a méi attraktiv gestalten. Doduerjer soll eng besser Mëschung tëschent méi klengen a méi grousse Strukturen entstoen. D’DP wäert och weider Perspektive fir Dageseltere schafen.

Grondschoul

D’Digitaliséierung marquéiert d’Gesellschaft vun haut a vu muer. Wéi eng Méiglechkeeten an der kënschtlecher Intelligenz stiechen, hunn Applikatiounen ewéi ChatGPT scho gewisen. Doduerjer stellt sech méi wéi jee d’Fro no de Kompetenze vun der Zukunft, déi d’Schoul vermëttele soll, fir datt d’Kanner an déi Jugendlech en erfollegräicht a selbstbestëmmt Liewen an enger digitaler Welt féiere kënnen. Déi Kompetenze vum 21. Jorehonnert ginn och 4K-Kompetenze genannt. Dorënner versteet ee Kreativitéit, kritescht Denken, Kommunikatioun a Kollaboratioun. Als fënneft Kompetenz gëtt och d’Codéiere genannt. D’DP huet am Bildungsministère e breede Konsultatiouns-Prozess iwwert de Léierplang vun der Zukunft lancéiert. Bis 2025 wäert d’DP esou en neie Plang fir d’Grondschoul ausgeschafft hunn, an deem d’Zukunftskompetenzen am Mëttelpunkt stinn. Bis 2028 wäerten déi eenzel Programmer iwwerschafft a mat Hëllef vu pädagogeschen Directivë konkretiséiert gi sinn.

D’DP wäert de Pilotprojet vun der allgemenger Alphabetiséierung (däitsch a franséisch) als ee vun de wichtegste Projeten an all de Schoulen ëmsetzen. Déi grondleeënd Reform soll all de Kanner déi bescht Bildungschancë garantéieren. Bei Kanner mat Lëtzebuergesch als éischter Sprooch huet sech déi däitsch Alphabetiséierung bewäert. Bei Kanner mat engem Migratiounshannergronn hunn déi ëffentlech Europaschoule gewisen, datt déi franséisch Alphabetiséierung zu ganz gudd Resultater féiert. De Projet ass esou ugeluecht, datt eng Integratioun vun all de Kanner garantéiert ass. Lëtzebuergesch bleift eng wichteg Unterrechtssprooch an d’Schüler sinn an den Niewefächer gemëscht.

D’Zil vum Projet ass et, datt am C4 alleguerten d’Schüler zesumme sinn an eng Orientéierung an den traditionelle Schoulsystem méiglech ass.

D’DP huet an de leschte Joren neit Material fir d’Fërderung vum phonologesche Bewosstsinn an d’Grondschoule bruecht. Déi Aktivitéite solle weider ausgebaut ginn, fir d’Kanner nach besser op d’Alphabetiséierung am C2 ze preparéieren.

Fir d’Léierpersonal bei der Differenzéierung a bei geziilten Aktivitéiten z’ënnerstëtzen, wäert d’DP punktuell eng zweet Persoun am C1 aféieren.

An der Grondschoul brauche mir e weideren Ausbau vun der internationaler Offer. Jee no Mammesprooch, erweist sech eng englesch Schouloffer als virdeelhaft. Ma och fir Schüler, déi eréischt spéit (am C4) an d’Lëtzebuerger Schoul kommen, an hir Schoulcarrière an anere Länner an an anere Sproochen ugefangen hunn, sinn international Klassen déi besser Optioun. Jee nee Regioun a jee no Demande, wäert d’DP d’Offer un ëffentlechen, internationale Grondschoulen ausbauen.

D’DP huet zanter 2017 méi ewéi 750 zousätzlech Poste fir de Support fir Kanner mat spezifesche Besoine geschaf. Dobäi ass den I-EBS (Instituteur spécialisé pour enfants à besoins spécifiques) direkt an de Schoule verankert ginn. Nieft dësem spezialiséierte Poste wäert d’DP en Assistent (A-EBS) um Niveau vum DAP asetzen. Déi éischt 50 Assistente gi scho fir den Ufank vum Schouljoer 2023/2024 agesat.

Eng Etude vum Observatoire National huet erginn, datt sozial Ongläichheete net doduerjer geléist ginn, datt ee méi Léierpersonal iwwert de Wee vun der sougenannter Contingent-Berechnung vergëtt. Dofir setzt d’DP op spezialiséiert Léierkräften, fir Schoule mat enger grousser Diversitéit an engem niddrege sozio-ekonomeschen Index z’ënnerstëtzen. An dëse Schoule wäerten zousätzlech I-EBS agesat ginn, déi an Zukunft op Master-Niveau forméiert ginn.

D’DP huet eng Konventioun mat der Uni Lëtzebuerg fir d’Schafe vun dräi neie Master-Studiegäng (Schoul- an Unterrechtsentwécklung, Inklusioun, Schoulmanagement) mat 60 ECTS-Punkte beschloss. Zougelooss si Persounen, déi en Ofschloss mat 4 Joer Bachelor (240 ETS) a BSCE hunn. Domadder huet d’DP bewierkt, datt dat véiert Joer Ausbildung als Enseignant, implizit als éischt Joer vum Master zielt. Déi Studie ginn och och niewebäi fir beruffstäteg Leit offréiert, esou datt d’Master-Filière fir jiddereen op ass. Schonn haut gi spezialiséiert Enseignanten (I-EBS, IDS an ICN) op Master-Niveau agestallt. An Zukunft wäerten no an no nei Funktioune bäikommen. Dozou gehéieren ë.a. de Schoulpresident an de Coordinateur de cycle, woubäi d’Aufgaben an d’Zoustännegkeete mussen nei gereegelt ginn.

Duerch d’Schafe vun enger Educational School op der Uni Lëtzebuerg, wäert d’DP sécherstellen, datt och an Zukunft genuch Grondschoul-Enseignante forméiert ginn, an déi dofir ageplangte Mëttel fir eng praxis-orientéiert Formatioun a Fuerschung agesat ginn.

Zanter d’Kompetenz iwwert d’Léierpersonal an de Grondschoulen 2009 vun de Gemenge bei de Staat komm ass, gëtt et Inkohärenzen tëschent den Attributioune vun deenen zwee Partner an der Bildung. D’DP wëll dat Partenariat erëm nei beliewen, andeems d’Zoustännegkeeten nei gereegelt ginn. Nieft hirer Responsabilitéit fir d’Schoulgebaier, sollen d’Gemenge méi eng staark Roll bei der Zil-Definitioun vun der Schoulentwécklung spillen. De Staat iwwerdeems soll nieft der pädagogescher Supervisioun, d’Verwaltung vum Personal ganz iwwerhuelen an un déi regional Direktere vum Ministère delegéieren. Esou eng Reform wäert d’DP zesumme mat de Gemengevertrieder ausschaffen.

Secondaire

Nom Virbild vum Léierplang 2025 an der Grondschoul, wäert d’DP d’Moderniséierung am Secondaire acceleréieren. Dobäi sollen nieft de 4K-Kompetenzen (Kritescht Denken, Kreativitéit, Kommunikatioun, Kollaboratioun) och aner Unterrechts- an Evaluatiouns-Methoden am Mëttelpunkt stoen. Esou gëtt antëscht a ville Secondairesschoulen op de Projetsunterrecht gesat. D’DP wäert d’Schoulen dobäi ënnerstëtzen, fir nei pädagogesch Weeër ze goen, fir d’Schüler besser op d’Zukunft virzebereeden. D’Themeberäicher Bildung fir eng nohalteg Entwécklung, sexuell an affektiv Gesondheet, Drogepräventioun a Finanzbildung gi verstäerkt an d’Léierpläng agebaut.

D’DP huet an de leschte Jore vill nei Ausbildungsméiglechkeete geschaf. Dozou gehéieren ë.a. déi nei Sektiounen I a P am Lycée classique, ma och weider Ofschlëss an der Beruffsausbildung. D’DP wäert an den nächste Jore sécherstellen, datt déi Ausbildung uechter d’ganz Land disponibel ass.

An de leschte Joerzéngten ass d’Schoulpopulatioun immer méi divers ginn, wat eise Bildungssystem viru ganz grouss Erausfuerderunge stellt. Eng Äntwert dorobber waren déi ëffentlech, international Schoulen. Well weider e grousse Besoin u franséisch- an engleschsproochege Schouloffere besteet, wäert d’DP fir weider Europaschoulen am Süden an am Zentrum vum Land suergen. Am Groussraum Esch/Schëffleng an zu Diddeleng wäerten nei Sitten entstoen. Nieft der EIGT (Ecole internationale Gaston Thorn), déi weider ausgebaut gëtt, brauche mir nach eng zweeten, agreéiert Europaschoul ronderëm d’Stad.

Ee Schlëssel vun der Schoulentwécklung a vun der Qualitéit vum Unterrecht läit an de breet ugeluechte Schouldirektiounen. D’Lycéeë si vum Personal a vun der Organisatioun hier, méi usprochsvoll wéi eng mëttelgrouss Entreprise. Dobäi falen déi pädagogesch Gesiichtspunkte leider dacks ënnert den Dësch. D’DP wäert dofir d’Schouldirektiounen am Secondaire weider ausbauen. 2023 si schonn éischt Responsabel fir dat psychosoziaalt Personal agestallt ginn. An Zukunft komme weider Responsabel fir dat technescht Personal fir den Ënnerhalt vun de Gebaier a fir dat administratiivt Personal no. Esou kënnen d’Schouldirektioune sech besser op déi pädagogesch Froe konzentréieren.

All Joer verloosse ronn 700 Schüler tëschent 16 an 18 Joer d’Schoulen ouni Ofschloss. Déi Schüler, déi hir Ausbildung ofbriechen, wënsche sech dacks eng Zukunft am Schoulsystem. Et sinn entweder gesondheetlech, psychesch oder disziplinaresch Problemer, déi si zum Ofbroch beweegen. Jugendlech a jonk Erwuessener hunn awer kaum bis guer keng Chancen um Aarbechtsmaart. Dofir hu scho vill aner Länner d’Schoulflicht vu 16 op 18 Joer an d’Luucht gehuewen. D’DP wäert nei Bildungsoffere fir déi Schüler schafen, fir hinnen eng nei Perspektiv am Bildungssystem ze ginn. E wichtegt Element dobäi sinn d’CISP (Centres d’insertion professionnelle), bei deenen d’Schüler psycho-sozial betreit ginn, ma och praktesch Erfarungen an Ateliere sammelen (Schräinerei, Schlässerei, Gärtnerei,…) an esou erëm Freed un enger Formatioun kréien. D’DP wäert de Reseau vun de CISP ausbauen a mat de Schoulen aus dem Secondaire vernetzen.

Kanner mat spezifesche Besoinen hunn e Recht op eng Regelschule. Dofir wäert d’DP déi multi-disziplinar Ekippen (Équipes de soutien pour enfants à besoins spécifiques) am Secondaire ausbauen.

D’DP huet gesetzlech festgeluecht, datt all Institutioun, déi mat Kanner a mat Jugendleche schafft, kloer Prozeduren huet, fir Mobbing, Mëssbrauch a soss Forme vu Gewalt an Ënnerdréckung am viraus z’evitéieren an ze bekämpfen. Am Secondaire gëtt dofir d’Konzept vum Child protection Officer agefouert. Dobäi handelt et sech ëm forméiert Mataarbechter, déi de Schüler als Vertrauenspersoun zur Vergügung stinn an hinnen dobäi hëllefen, sech ze schützen a hir Rechter geltend ze maachen.

D’DP huet schonn d’Course fir eng Reanimatioun bei Häerzinfarkter am Secondaire staark ausgebaut. Och an de Course fir d’Detektioun vu psychesche Problemer, wéi z.B. bei Suicide-Gefor, si scho 500 Leit forméiert ginn. D’DP wäert flächendeckend Éischt-Hëllef-Coursen ubidden, ma och allgemeng Course fir d’Detektioun vu psychesche Problemer.

D’DP wäert d’Cellules d’Orientation am Secondaire weider ausbauen a mat der Maison d’Orientation vernetzen. Fir alleguerten d’Schüler beim Choix vun hirer Formatioun a vun hirem spéidere Beruff z’ënnerstëtzen, wäert d’DP gëeegent Stagen a Betriber ubidden a fir alleguerten d’Schüler obligatoresch maachen.

D’DP wäert zu Lëtzebuerg en änleche Programm fir déi schoulesch Orientatioun ewéi am däitschen Nordrhein-Westfalen aféieren. Dozou gehéiere Stagen a Betriber, fir verschidde Beruffsfelder z’entdecken an esou kënne bewosst eng Formatioun oder e Beruff auszewielen. Dofir wäert d’DP déi Cellules d’Orientation am Secondaire ausbauen a mat der Maison d’Orientation verknäppen.

Fir de Beweegungsmangel vu ville Kanner entgéintzewierken, wëll d’DP d’Konzept vun der Beweegter Schoul weider fërderen. D’Haaptzil besteet doranner, fir Bewegungszäit an déi normal Schoulzäit z’integréieren. Duerch verschidde Mesuren – Oplockerungsphasen, beweegt Pausen, Beweegungsstatiounen am Klassenzëmmer a beweegten Unterrecht – soll de Kanner d’Freed un der Beweegung vermëttelt ginn. Gläichzäiteg soll hir Konzentratiouns- a Léierfäegkeet verbessert ginn.

Cf. Kapital Finanzplaz

Cf. Kapitel Landwirtschaft

Cf. Kapitel Nohaltegkeet

Beruffsausbildung

D’DP huet d’Beruffsformatioun aus der Kris erausgeféiert, an déi d’Ausbildung no der wéineg zilführender Reform vun 2009 gerode war. Zesumme mat de Partner aus der Formation professionnelle ass et der DP an de leschte Jore gegléckt, vill nei Ausbildungen ze schafen an anerer ze moderniséieren. Vun dëser Basis aus wäerte mir déi nächst Legislaturperiod dofir suergen, datt d’Beruffausbildung den Entwécklunge vun der Gesellschaft a vun der Wirtschaft ugepasst gëtt. Virun allem an de Beräicher vun de grousse gesellschaftlechen Transitiounen: Green Technologies, Industrie 3.0 an Digitaliséierung.

D’Offeren an der Beruffsausbildung op franséisch an op englesch mussen ausgebaut ginn, fir all de Schüler eng Formatioun méiglech ze maachen. De Choix gëtt zesumme mat de Partner aus der Beruffsausbildung getraff.

D’DP huet scho virun der Pandemie e Projet lancéiert, fir de Schüler d’Méiglechkeet fir en Ofschloss am Secondaire mat uschléissendem Accès op eng Héichschoul ze bidden a gläichzäiteg eng Formatioun op DAP-Niveau ofzeschléissen. Mat der DP wäert dee Projet an der nächster Legislaturperiod weidergeféiert ginn. Déi entspriechend Matièrë wäerten op een zousätzlecht Ausbildungsjoer no der Première gestreckt ginn. D’Schüler wäerten amplaz vun Optiouns-Coursen am Cycle supérieur scho Modulle vun der Beruffsausbildung absolvéieren an d’DAP-Formatioun bannent dem Joer no der Première ofschléissen.

Fir de Schüler d’Handwierk scho fréi nozebréngen, wäert d’DP e Fërderprogramm nom Virbild vum Programm Kulturama an der Grondschoul aféieren. Esou wéi d’Enseignante bei dësem Programm kënne fir pädagogesch Projeten op Kënschtler zeréckgräifen, wäert d’DP et méiglech maachen, datt Groundschoulklasse kënnen am Kader vu Projete mat Handwierker a Verbindung kommen. Déi Persounen, déi dofir zur Verfügung stinn, ginn dofir bezuelt.

Mat der Vitess vum technologesche Fortschrëtt mussen d’Mënsche sech wärend hirer Beruffscarrière reegelméisseg weiderbilden oder ëmforméieren. D’Lëtzebuerger Wirtschaft ass doriwwer eraus dorobber ugewisen, datt déi Beschäftegt, zousätzlech zu hirer berufflecher Aktivitéit, méi héich Qualifikatioune kréien. Dofir wäert d’DP an der berufflecher Weiderbildung grouss Efforte maachen, fir d’Bildung- an d’Weiderbildungsoffere fir Erwuessener auszebauen. Am Kader vun den Tripartite-Verhandlungen hat d’DP de sougenannte Skill-Dësch agesat. D’DP wäert déi dorausser resultéierend Recommandatioun vun der OECD-Etude ëmsetzen.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

Fir déi néideg Dynamik an der berufflecher Weiderbildung erreechen ze kënnen, wäert d’DP zwee weider CNFPC (Centre national de formation professionnelle continue) schafen. Déi aktuell Struktur vum Munnerefer Lycée wäert nom Ofschloss vum Neibau zu engem CNFPC, mat Schwéierpunkt op paramedezinesch a medezinesch Beruffer, ëmgewandelt ginn. Dat aktuellt Gebai vum LTB (Lycée technique de Bonnevoie) gëtt zu engem CNFPC mat Schwéierpunkt op de Beräicher vum Commerce a vun der Restauratioun. Déi Offer ergänzen déi aktuell CNFPC zu Esch/Uelzecht (Industrie 3.0) mam Digital Learning Hub an déi vum CNFPC zu Ettelbréck (Green Technologies).

Kanner a Jugendhëllef

Mat der Reform vum Gesetz iwwert de Jugendschutz a mat der Aféierung vum Jugendstrofgesetz, wäert d’DP eng Joerhonnert-Reform ofschléissen, déi an der leschter Legislaturperiod ausgeschafft ginn ass. D’Ëmsetzung vun der Reform wäert am Fokus vun der nächster Legislaturperiod stoen.

D’Kompetenzen an d’Méiglechkeete vun der Jugend- a Kannerhëllef sinn nach net genuch an de Schoule bekannt. D’DP wäert déi regional Strukture vum ONE (Office national de l’enfance) mat de Cellules d’Inclusion vernetzen, fir ze garantéieren, datt d’Hëllef do ukënnt, wou se gebraucht gëtt. Problemer an Interventiounen an der Famill gehéieren an de Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef, wärend d’Schoul sech soll op déi schoulesch Inklusioun konzentréieren.

Mam Social Lab huet d’DP e partizipatiivt Organ geschaf, mat deem d’Acteure vun der Kanner- a Jugendhëllef an d’Ausschaffe vun engem Qualitéits-Kader agebonne gi sinn. D’DP wëll dee Modell weider notzen, fir d’Dynamik op héijem Niveau ze halen an fir d’Entwécklung vun der Qualitéit ze fërderen.

Jugend

D’DP wäert d’Jugendhaiser systematesch mat de Gemengen zesummen ausbauen. Eng adaptéiert Finanzéierung soll sécherstellen, datt all Gemeng – entspriechend hirer Populatioun – eng adäquat, lokal oder regional Offer ubitt. D’Jugendhaiser sinn e wichtegen Acteur vun der non-formaler Bildung. Fir datt déi Jugendlech hir Interessien entfalen a wichteg Zukunftskompetenzen entwéckele kënnen, wäert d’DP d’Offer vun de Jugendhaiser ausbauen an diversifizéieren. D’DP wäert d’Jugendhaiser dozou encouragéieren, folgend Offeren iwwert déi nächst Joren z’entwéckelen: Atelieren, an deene si en Handwierk ausübe kënnen a gemeinsam Projete realiséieren, Makerspaces, an deenen déi Jugendlech sech kënne mat digitalen Technologië familialiséieren, Muséks- a Mol-Atelieren, fir kënschtlerech aktiv ze sinn, Partizipatiouns-Strukturen, wéi de Jugend-Gemengerot, wou si sech kënnen abréngen an zesummen diskutéiere léieren, Gaming-Owenter an E-Gaming-Tournoie, bei deenen déi Jonk kënne mat- a géintenaner spillen.

Cf. Kapitel Europa- an Aussepolitik

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp