Bëschbränn zu Lëtzebuerg

Iwwert déi lescht Joren huet d’Zuel vun de Bëschbränn staark zougeholl duerch klimatesch Verännerungen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an Inneminister nogefrot, wéi sech d’Zuel vun de Bëschbränn an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wéi eng Plazen am meeschte betraff waren, wéi oft de CGDIS an den Asaz misst a wat fir präventiv Moossname geholl ginn si fir iwwer dës Problematik ze sensibiliséieren.

Fro:

„Duerch déi klimatesch Verännerungen aus de leschte Joren huet d’Zuel vun de Bëschbränn zougeholl. Besonnesch am séier dréchene Joer 2018 koum et am Éislek zu verschiddene Bränn a Bëscher. Och wann et dee leschte Summer an dësem Beräich zimmlech roueg war, muss een dach awer fäerten, datt sech dës Problematik am Kader vun der Klimakris an Zukunft verstäerke wäert.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

  1. Wéi huet sech d’Zuel vun de Bëschbränn an de leschten 10 Joer entwéckelt?
  2. Wat fir Plazen a Géigende vum Land waren am meeschte betraff?
  3. Wéi dacks huet de CGDIS missen an den Asaz fir dës Bränn nees ënner Kontroll ze kréien? A wéiville Fäll ware mënschleche Feeler Schold un dëse Bränn?
  4. Wat fir präventiv Moossnamen si mëttlerweil geholl gi fir de grousse Public méi an d’Flicht ze huelen a fir iwwer dës Problematik ze sensibiliséieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sollt de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbuede ginn ?

An der Belsch an a Frankräich gouf rezent de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbueden. Dës Medikamenter sinn opgrond vun eventuelle gesondheetleche Risike vun elo u just nach op Ordonnance ze kréien.

D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si dëst Verbuet an eisen Nopeschlänner opfaasst, ob si esou ee Verbuet och zu Lëtzebuerg als sënnvoll ugesäit, an ob Dokteren a Patienten iwwer d’Risike vu Medikamenter mat Pseudoephedrin sensibiliséiert sollte ginn.

weiderliesen...

Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen.
Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

weiderliesen...

Eng nei Apdikt zu Wäiswampech ?

Zu Wäiswampech soll eng nei Apdikt installéiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, aus wéi enge Grënn eng nei Apdikt installéiert gëtt, wéini dës Apdikt opgoe wäert an ob se dozou bäidroe wäert de Gardesystem am Norde vum Land ze verbesseren.

weiderliesen...