D’DP Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn de Minister fir Kultur wou d’Chantiere vum INAP am Minett-Park dru sinn an op geplangt ass fir en Zuchmuseé ze bauen an Zukunft.
Frage
„De Minett-Park „Fonds de Gras“ ass ee Fräiliichtmusée, deen iwwer ee puer Hektar verschidde Sitte
matenee verbënnt an de Visiteuren eng eenzegaarteg kulturell an touristesch Offer bitt.
Attraktioune si nieft der bemierkenswäerter Natur beim Minett-Park, och den Oppidum vum „Tëtelbierg“, déi al „Minièresbunn“ oder den „Train 1900“, dee vu ganz engagéierte Benevolle bedriwwe gëtt, a wou ee kann an eng aner Zäit andauchen.
An deem Kontext gëtt och ëmmer nees vum engem Zuchmusée um Site geschwat, wou de Lëtzebuergesche Patrimoine ferroviaire kéint nach méi valoriséiert an dem breede Publik zougänglech gemaach ginn.
An deem Kader wollte mir dem Här Kulturminister follgend Froe stellen:
- Am Moment lafe Chantieren am Minett-Park. Wou sinn dës Chantiere vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) drun?
- Ginn et Pläng fir den Eisebunns-Patrimoine am Fonds-de-Gras ze valoriséieren?
- Ass geplangt fir en Zuchmuseé ze bauen an Zukunft?“