Bartreng

News aus de leschte Gemengeréit (LU)

Zousätzlech Opluetstatioune fir Hybrid- an Elektrogefierer

  • 9 Statioune sollen dëst Joer a verschidde Quartier um Gemengenterritoire installéiert ginn.
  • Den SWIO System ass kompatibel mat bestoenden Systemer
  • Standuerter vun den Luedstatiounen:
    rue Dicks, rue des Platanes (Rilspert), Parking An Oppert, Cité am Wénkel, Parking Cité Millewee, rue des Celtes (Pourpelt), rue du Sellier (Eechels),rue de Luxembourg (Lentze Park) a rue de la Forêt

Nohaltegkeets Charta – Eis Veräiner fir de Klimaschutz

  • Zesumme mat de lokale Veräiner ass des Charta ausgeschafft gi fir Ziler wei d’Reduktioun vun Zäregasen, Energie- a Waasserverbrauch, souwéi Offallproduktioun ze erreechen.
  • Zouschoss vun 250€ beim Erhale vum Label “Mir engagéieren eis” a 500€ fir de Label “Green Event” vun der Superdreckskëscht
  • 24 Veräiner hunn sech engagéiert an hunn des Charta ënnerschriwwen

Motion Commune – Developpement vum Tram’s Reseau

  • Zesumme mat de Parteien Déi gréng, CSV an LSAP ass eng gemeinsam Motioun gestemmt ginn an där ënner anerem den zukünftege Quartier “Dräieck Helfent” bei der Entwécklung a Realisatioun vum Boulevard de Merl soll mat analyséiert ginn (globaalt Mobilitéitskonzept)
  • Zousätzlech weist sech Gemeng Bartreng solidaresch mat der Gemeng Stroossen bezüglech der Erweiderung vum Tram Reseau iwwert Areler Strooss Richtung Mamer.
  • Déi ganz Motioun fënnt een ënnert https://www.dp.lu/bartreng/

Weider Punkten aus den leschten gemengeréit

  • Favorabel Grondsaz Entscheedung fir e Jumelage mat der Gemeng Serfaus (Éisträich).
  • Aféiere vum Budget Participativ, deen de Bierger Méiglechkeet wäert ginn hier eege Projeten ze proposéieren an och deen ze wielen deen hinnen am Beschten gefält. Des participativ Demarche soll Biergerbedeelegung weider fërderen a Bierger dozou motivéiere bei der Gestaltung vun hirem Liewensemwelt matzebestëmmen. Plattform ass am gaangen ausgeschafft ze ginn an eng Enveloppe vun 100.000 € ass virgesi fir Realisatioun vun de Projete Laureat.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp