« Sougenannt « Eurocombis », Camionen mat enger Luedfläch vu 25 Meter amplaz den normalen 18,7 Meter, sinn, am Géigesaz zu Lëtzebuerg, schonn zënter enger Rei Joren a verschiddene vun eisen Nopeschlänner op bestëmmte Strecken zougelooss.
Den Direkter vum Lëtzebuerger Logistikcluster « Cluster for Logistics – C4L » huet rezent an engem Interview seng Suerg geäussert, dass den Transportsecteur zu Lëtzebuerg ouni staatlech Hëllefe seng Klimaziler bis 2030 warscheinlech net wäert erreeche kënnen. Aus deem Grond fuerdet en, dass dës XXL-Camionen och zu Lëtzebuerg op bestëmmte Strecken zougelooss solle ginn. Dës Camionen géifen effektiv bis zu engem Drëttel manner Emissiounen pro transportéierter Tonn verursaachen wéi gewéinlech Camionen.
An deem Kontext wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:
– Ass virgesinn, « Gigaliner » op bestëmmte Strecken zu Lëtzebuerg zouzeloossen ? Wann net, wat wieren d’Grënn dofir ?
– Wéi eng Strecke wiere gëeegent fir dass sou grouss Camionen drop fueren ? Ass schonn eng Analys vun der Stroosseninfrastruktur an deem Sënn gemaach ginn ?
– Wéi eng Mesurë si geplangt, fir den Transportsecteur z’ënnerstëtzen, fir op méi klimaschounend Transportméiglechkeeten ëmzeklammen, notamment wat de Wuerentransport iwwer d’Strooss betrëfft ? »