„Et ass eis zu Ouere komm, dass den Ëmweltministère bis ewell nach keng Subventioun am Kader vum Klimabonus-Programm fir d’Installatioun vun enger Loft-Wäermepompel accordéiert an ausbezuelt huet. De Grond heifir wier, dass et aktuell um Marché bal keng Wäermepompel gëtt, déi déi jeeweileg Kaméidigrenzwäerter (≤ 5kW: 48 dB(A); 5-12 kW: 51 dB(A); >12 kW: 55 dB(A)) anhält.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:
- Kann d’Madamm Ministesch dës Informatioune bestätegen?
- Falls net, wéi vill Demande sinn an de leschten dräi Joer pro Joer erakomm? Wéi vill goufen der accordéiert? Wéi vill goufen der ausbezuelt?
- No wéi enge Krittäre sinn dës Grenzwäerter festgeluecht ginn?“