Amokalarm an der Schoul – an elo?

Rezent koum et an engem Lëtzebuerger Lycée zu enger Interventioun vun der Police. Eng verdächteg Persoun war am Ëmfeld vum Lycée gesi ginn, wouropshin en Amokalarm ausgeléist ginn ass. Wéi ginn d’Schoulen an d’Lycéeën an esou engem Fall vir? Wat sinn d’Reegelen an d’Moyene Sécherheets- a Schutzmesuren déi an esou engem Fall zum Asaz kommen? Wéi gëtt d’Léierpersonal op esou Fäll preparéiert? Eis Deputéiert Barbara Agostino a Mandy Minella hunn sech beim Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend renseignéiert.

FRO:

„De 17. Oktober 2024 koum et am Atert-Lycée zu Réiden zu enger Policeinterventioun opgrond vun engem Amokalarm deen ausgeléist gouf, well eng verdächteg Persoun am Lycéesgebai gesi ginn ass.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir d’Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:

  1. Gett et an all Lycée zu Lëtzebuerg Sécherheets- a Schutzprozeduren fir de Fall vun engem Amokalarm?
  2. Ginn et och an de Primärschoulen a Maison Relais’en esou Prozeduren ?
  3. Gett zu dësen Prozeduren an all Schoul oder Maison Relais eng obligatoresch Formatioun ugebueden ? Wéi oft gëtt des Formatioun ugebueden?
  4. Plangt den Här Minister, des Formatioun obligatoresch ze maachen, eventuell schonn als Deel vun de Bachelor-Etuden?
  5. Wat gesinn des Sécherheets- a Schutzprozeduren vir?“

ÄNTWERT:

Ad 1), 2) a 5)


Enseignement fondamental

Säitens de Regionaldirektioune goufen Efforte gemaach, de Sujet vun engem méiglechen Amoklaf mat de Gemengen – déi laut Gesetz fir d’Infrastrukture vun de Schoulgebaier zoustänneg sinn – ze thematiséieren. D’Ëmsetzung vu verschiddene Mesuren, wéi beispillsweis den Alarmknäppchen, en automatescht Zougoe vun den Dieren, gradewéi d’Kontroll vum Zougang zu de Schoule goufen hei an d’A gefaasst.
Donieft gouf vum Kriseninterventiounsteam (KIT) ee Classeur ausgeschafft, an deem sech ee Kapitel mat engem méiglechen Amoklaf befaasst, an den Enseignanten ënnert anerem erkläert, wéi si sech an esou engem Fall ze verhalen hunn.

Enseignement secondaire
Fir de Beräich vum Enseignement secondaire ginn et an alle Lycéeë Sécherheets- a Schutzprozeduren. Dës gesi vir, datt d’Personal an d’Schüler sech sollen a gëeegente Raim aspären, sech un d’Instruktioune vum Schoulpersonal halen an ofwaarden, bis d’Police op der Plaz ass.
Am Fall, wou d’Raimlechkeeten ongëeegent sinn, solle Personal a Schüler d’Schoul verloossen.

Maisons relais
Fir d’Betreiungs- a Bildungsservicer (Maisons relais) läit d’Verantwortung fir d’Sécherheet a fir déi entspriechend Prozedure beim Gestionnaire.


Ad 3) a 4)

Enseignement fondamental an Enseignement secondaire
Grad am Beräich vun der Informatioun a vun der Formatioun huet de Sujet vum Amok an de leschte Joren eng ëmmer méi grouss Plaz ageholl.
Esou bitt d’Police reegelméisseg Formatiounen an deem Beräich un, déi vun de Lycéeë kënnen an Usproch geholl ginn. Eleng fir d’Joer 2024 hu bis elo Formatiounen an aacht Schoule stattfonnt, dräi stinn der nach op.
D’Police ass och ëmmer erëm am Collège des Directeurs vum Enseignement secondaire present, dëst fir d’lescht de 24. Januar 2024. Vertrieder vum Service national de prévention de la Police a vum Service psychologique de la Police hu bei där Geleeënheet d’Formatioun virgestallt, déi d’Police dem Schoulpersonal ubitt.

Och den Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) huet an de leschte Jore Formatioune souwuel zum Thema Amok ugebueden (zum Beispill „Amokalarm – zweckmäßiges Verhalten in der Klasse“) wéi och zum Thema Santé mentale, déi en Deelberäich vun der Preventioun an der Sécherheet duerstellt (zum Beispill „Premiers secours en santé mentale“).

Dës Formatioune sinn och fir d’Enseignanten aus dem Enseignement fondamental zougänglech. Si sinn allerdéngs net obligatoresch.

Maisons relais

Och fir d’Personal vun de Betreiungs- a Bildungsservicer ginn et keng obligatoresch Formatiounen am Beräich vum Amok.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...