Am Spotlight vun der drëtter Editioun vum DP Magazin steet de President vun de „Jonk Demokraten“, de Michael Agostini.
Mir hunn eis mam 31-järege Bauingenieur iwwert d’JDL, seng nei Heemecht Esch an iwwert seng politesch Prioritéiten ënnerhalen.
Michael, du stees zanter 2019 un der Spëtzt vun der JDL. Wéi eng Prioritéiten hues du dir als President gesat a wéi gesäit däin Tëschebilan aus?
MA: Fir d’alleréischt sinn ech frou, datt ech kann op eng dynamesch Ekipp zielen. D’JDL huet sech dat lescht Joer méi breet opgestallt a krut vill jonk Membere bäi. Dat ass an Zäite vu Covid net selbstverständlech. Mir hu verschidden Aarbechtsgruppen an d’Liewe geruff, an deene mir 4 grouss Themebléck behandelen. Dat sinn d’Digitaliséierung, den Ëmwelt- a Klimaschutz, d’Chancëgläichheet an d’Gesondheetswiesen. D’Aarbechte komme gutt virun. Dat stëmmt mech optimistesch, fir mat engem klore Fuerderungskatalog an d’Superwaljoer 2023 ze zéien.
„D’JDL wëll d’Chance vun der Digitaliséierung notzen”
Michael Agostini
Dir fuerdert zum Beispill e Recht op Teletravail ?
MA: Genee, d’Coronakris a méi speziell de Lockdown missten och dee leschten dovunner iwwerzeegt hunn, datt den Teletravail vill Virdeeler huet. D’JDL setzt sech zanter Jore fir eng konsequent Fërderung vum Homeoffice an, well d‘Avantage leien op der Hand: E gëtt de Salariéë méi Flexibilitéit fir Famill an Aarbecht ënnert een Hutt ze kréien, de Verkéier op eisen Haaptverkéiersachsen hëlt of an et ginn op Dauer och manner Büroen an der Stad besat. Dat kéint och dem Duerfliewen an eise Gemengen zegutt kommen, well nees méi Leit doheem wieren.
D’JDL huet sech rezent och fir den E-Voting ausgeschwat.
MA: Jo, mir gräifen hei déi permanent Digitaliséierung vun eiser Gesellschaft op. Den E-Voting géif d’Wielen däitlech vereinfachen. Net nëmmen de Wee an de Walbüro géif ewechfalen, mä dat digitaalt Wiele géing och ville Bierger am Ausland d’Liewe méi einfach maachen. Den elektronesche Vott géif iwwerdeems dozou bäidroen, den Taux vun den ongültege Stëmmziedelen däitlech ze reduzéieren. Den E-Voting soll eng zousätzlech Méiglechkeet sinn, fir seng Stëmm ofzeginn. De klassesche Stëmmziedel an och d’Bréifwal sollen natierlech net ofgeschaaft ginn. Well mir eis awer bewosst sinn, datt dat e sensibele Sujet ass, sollt een näischt iwwerstierzen. Dofir fuerdert d’JDL d’Aféierung vum E-Voting eréischt fir déi iwwernächst Chamberwale vun 2028. Et bléif also genuch Zäit, fir ee fiabele System op d’Been ze stellen.
Du bass och Member an der Escher DP-Sektioun. Wou dréckt de Schong zu Esch?
MA: Wéi ech viru 4 Joer op Esch geplënnert sinn, war et fir mech kloer, datt ech mech géif lokal engagéieren. D’DP huet et gepackt bei de leschte Gemengewalen e super Resultat ze maachen. Mam Pim Knaff a mam Daliah Scholl hu mir engagéiert an dynamesch Vertrieder am Schäffen- an am Gemengerot. Eng Prioritéit bleift sécherlech d’Beliewe vun der Uelzechtstrooss an d’Ubanne vun Esch un d’Stad Lëtzebuerg. Den ugekënnegten Tram tëscht deenen zwou gréisste Stied, awer och nei Quartieren, ewéi Esch-Schëffleng oder d’Rout Lëns, wäerten Esch erëm zu enger dynamescher Minettsmetropole mat enger héijer Liewensqualitéit maachen.