„Politik ass mir wichteg, well ech Loscht hu matzegestalten. Ech wëll virun allem de Jonken hëllefen, fir hiren eegene Wee am Liewen ze fannen“, esou d’Barbara Agostino. Als geléiert Educatrice an Enseignante leien der Direktesch vu 14 Kannerbetreiungsstrukturen eng qualitativ héichwäerteg Betreiung an eng gutt Ausbildung vun de Kanner besonnesch um Häerz.
Déi éischt Kapitänin vun der Lëtzebuerger Fussball-Dammennationalekipp huet sech nach ëmmer fir Sport begeeschtert. Déi passionéiert Tennisspillerin setzt sech net fir näischt fir eng verstäerkt Beweegungsfërderung vun de Kanner an. „Sport a Beweegung droe vill zur kierperlecher, emotionaler a kognitiver Entwécklung vun engem Kand bäi. Dofir ass et esou wichteg, dass dat méi gefërdert gëtt“, ass d’Barbara Agostino iwwerzeegt.
D’Barbara ass och am associative Beräich ganz aktiv: Ob als Tresorière vum Tennisclub Spora, als Member vum Verwaltungsrot vun der Tennisfederatioun oder als Member vum Conseil consultatif vum Olympesche Comité; hatt bréngt seng laangjäreg Erfarung op ville Plaze mat an.
„Ech wëll deene Jonken hëllefen, fir hire Wee ze fannen”
Barbara Agostino
D’Barbara huet och eng staark sozial Oder. Hatt setzt den Ament eng Fondatioun op d’Been, fir mannerbemëttelte Kanner, Jonken an eelere Leit eng Vakanz z’erméiglechen. An zwar iwwert de Wee vun engem nohaltege Kultur- an/oder Agrotourismus.