19/01/2018
News
Bildung
Claude Meisch
De Bildungsminister Claude Meisch huet dës Woch op enger Pressekonferenz zwee nei Organer virgestallt, déi hëllefe sollen d’Debatt ëm d’Schoul ze versachlechen. Mam neien „Observatoire de la Qualité scolaire“ an dem „Nationale Programmrot“ sollen d'Wëssenschaft an d'Zivilgesellschaft eng méi gewiichteg Stëmm an der nationaler Bildungspolitik kréien.