17/11/2019
Parlamentarische Fragen
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Tiere
Guy Arendt
Gusty Graas
D'Forstverwaltung huet rezent d'Auerzäiten, un deenen d'Informatiounsversammlungen zu de Generalversammlungen iwwer déi nei Juegdlousen ofgehale sollte ginn, verëffentlecht. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn allerdéngs fonnt dass z.B. Sonndes owes um 20.00 nawell e komesche Moment wier, fir sou eng Versammlung z'organiséieren. Aus deem Grond hunn déi zwee Deputéiert bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi et zum deem Choix komm ass, an ob d'Madamm Ministesch net bereet wier, dës Versammlungen op en anere Moment ze verréckelen.