09/07/2020
Parlamentarische Fragen
Medien und ICT
Staat und Öffentlicher Dienst
Carole Hartmann
Zënter dem Gesetz vum 16. Mee 2019 ass all ëffentlech Verwaltung verflicht, elektronesch Rechnungen, déi am Kader vun enger ëffentlecher Ausschreiwung erakommen, unzehuelen, wa se gewësse Krittären entspriechen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Digitalisatiounsminister nogefrot, wéi vill vun dëser Méiglechkeet Gebrauch gemaach gëtt an ob et virgesi wier, d'Facturatioun obligatoresch komplett digital ze maachen, fir d'Digitalisatioun vun den Entreprisen nach méi staark z'encouragéieren.