Question
„D’Bauereprotester an eisen zwee groussen Nopeschlänner weisen op ee grousse Malaise an de landwirtschaftleche Milieuen hin.
Viru kuerzem huet d’Madamm Landwirtschaftsminister an deem Kontext der Press matgedeelt, datt hei zu Lëtzebuerg keng Subside wäerte gestrach ginn an datt der administrativer Vereinfachung eng Prioritéit soll reservéiert ginn.
An deem Zesummenhang wollte mer der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau follgend Froe stellen:
1. Ëm wat fir administrativ Vereinfachungen handelt et sech?
2. Op wat fir Instrumenter a Mëttel wëll d’Madamm Minister zréckgräife fir den Acteuren aus dem Secteur administrativ Aufgaben ofzehuelen?
3. Ass den aktuellen administrativen Opwand vun de landwirtschaftlechen Acteure pro Beruffsprofil schonn eemol quantifizéiert ginn? Gëtt et do detailléiert statistescht Material ?“