Question
„Mir si gewuer ginn, datt e weidere PET-Scan an engem Spidol soll installéiert ginn. Aktuell ass jo ee PET-Scan an der Stad, am Centre Hospitalier, ugesiddelt, ma et wier wierklech exzellent, wann dee weideren Apparat kéint an d’Ettelbrécker Klinik kommen. All kriibskrank Leit, déi nämlech am Norde vum Land wunnen an op sou e medezineschen Apparat ugewise sinn, musse wäit Weeër op sech huelen, verbonne mat engem enormen Zäitopwand. Op Ettelbréck kéinten och Patienten aus dem Zentrum an aus dem Weste vum Land kommen – net ze vergiessen och aus dem Kanton Iechternach.
Aus dësem Grond wollte mir d’Madamm Gesondheetsministesch Folgendes froen:
- Ass et virgesinn, datt en neie PET-Scan op Ettelbréck komme soll? Läit eng Demande vun der Ettelbrécker Klinik vir?
- Wa jo, fir wéini kéint mat sou engem Apparat zu Ettelbréck gerechent ginn?“