Ass de Veloswee laanscht den CR186 noutwenneg?

D’Gemeng Réiser wier vum Ëmweltministère opgefuerdert ginn sech z’iwwerleeën op de geplangten Vëloswee, tëscht der Cloche d’Or an der Kockelscheier laanscht de CR186 wierklech noutwenneg wier, well an de Bëscher ronderëm schonn zuelräich Weer bestoe géingen. Den DP Deputéierte Gusty Graas huet de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot ob dëse Veloswee noutwendeg a sënnvoll ass, ob d‘Foussgänger- a Vëlospisten am Emkrees an de Bëscher an engem ugemoossenen Zoustand sinn, och fir déi déi op d‘Aarbecht fueren an op d'Gemeng Réiser an hirem Projet net genügend Kompenséierungsmoossname proposéiert huet a wann net, wéi eng Moossname nach feelen.

Fro

Tëscht der Cloche d’Or an der Kockelscheier ass eng Vëlospiste geplangt, déi soll laanscht de CR186 goen. Et handelt sech ëm e Projet, dee vun der Gemeng Réiser 2020 initiéiert gouf. An der rezenter Press erkläert de Buergermeeschter vu Réiser, Tom Jungen, dass hien e Bréif vum Ëmweltministère krut, deen den Notze vum Foussgänger- a Vëloswee afro stellt. D’Gemeng Réiser wier vum Ëmweltministère opgefuerdert ginn sech z’iwwerleeën op en zousätzleche Vëloswee laanscht de CR186 wierklech noutwenneg wier. De Ministère hätt och geschriwwen, dass an de Bëscher ronderëm schonn zuelräich Weer bestoe géingen. Ausserdeem geet riets dovunner, dass d’Gemeng misst als Ausgläich fir d’Bëschfläch déi muss ofgeholzt ginn, kompenséieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

1.     Ass de Minister der Meenung, dass en zousätzleche Vëloswee laanscht de CR186 noutwendeg a sënnvoll ass?

2.     Sinn am Ëmkrees vun der geplangter Vëlospiste d‘Foussgänger- a Vëlospisten an de Bëscher an engem ugemoossenen Zoustand net nëmme fir d’Vëlosfueren an der Fräizäit mee och fir d’Vëlosfuere fir déi Velosfuerer déi op d‘Aarbecht fueren?

3.     Huet d’Gemeng Réiser an hirem Projet net genügend Kompenséierungsmoossname proposéiert? Wann d’Äntwert Nee ass, wéi eng Moossname feelen nach?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...