Verlängerung vun der Juegdzäit

Säit dem 1. Mee 2024 goufen d’Juegdzäite fir bestëmmt Wëld verlängert fir d’Iwwerpopulatioun vu Wëlldéieren ze bekämpfen an d’Bëscher ze beschützen. D’DP Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot, wéi eng Zuele genau op eng Iwwerpopulatioun vum Wëld deiten, wéi eng Moossname virgesi si fir et de Jeeër z’erméiglechen hir Verpflichtungen ze erfëllen a wéi vill Entschiedegunge pro Joer et fir Schied tëschent de Joren 2010 an 2024 gouf.

Fro

« Depuis le 1er mai 2024 les périodes d’ouverture de chasse sur certaines catégories de gibier ont été élargies. En ce qui concerne les chevrettes nées l’année précédente, la période de chasse a été fixée du mois de mai à janvier alors que jusqu’à présent les chevrettes étaient protégées jusqu’au mois de septembre. En outre, pour certains cervidés les périodes de chasse en battue ont été étendues jusqu’à fin janvier.

Il s’agit, suivant la motivation de ces adaptations, notamment de lutter contre la surpopulation du gibier et ainsi de protéger les forêts.

Dès lors, nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité :

1) Quels sont les chiffres exacts qui font conclure à une surpopulation du gibier ?

2) Quelles sont les mesures prévues pour permettre aux chasseurs de remplir leurs obligations fixées dans leur plan de tir ?

3) Vu la surpopulation du gibier, il nous importe de connaître par année le montant des indemnités versées pour dégâts causés par le gibier entre les années 2010 et 2024 (donc depuis l’entrée en vigueur de la nouvelle loi sur la chasse). »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...

Aféierung vun engem Depistage fir Hautkriibs ?

Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen Hautkriibs erhuewe ginn.

weiderliesen...
Kanner App Bildung

Reaffektatioun vun Enseignanten am Fondamental an hier Gemeng

D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hunn dem Educatiounsminister Froen zur Reaffektatioun vun Enseignanten am Fondamental an hier Gemeng gestallt. Ënnert anerem wollten si wëssen, wéi vill Posten an deene leschte 5 Joer op der Lëscht 1bis publizéiert goufen, wien hei prioriséiert sollt ginn an, ganz allgemeng, ob d’Gemenge weiderhi sollte fir d’Nominéierung vun der Lëscht 1 zoustänneg sinn.

weiderliesen...